Hippodrom
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
En Hippodrom ass eng Installatioun mat enger ronner oder ovaler Pist, wou Päerdscourssen ausgedroe ginn. Eng Tribün mat Gradinen ass um Rand vun der Rennbunn fir d'Spectateuren reservéiert.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Déi éischt Hippodrome ginn an d'Antiquitéit zeréck a ware fir Päerdscoursse virgesinn, fir Päerd, déi geridde goufen oder eng Aart Weenche mam Reider nogegezunn hunn. Déi réimesch Zirkussen hunn deemools d'Roll vun engem Hippodrom gespillt. De bekanntste war den Circus Maximus zu Roum. De leschte war dee vu Konstantinopel, dee bis 1204 benotzt gouf.
Päerdscoursse sinn et am Mëttelalter a bis zur Neizäit besonnesch a Frankräich, Italien an England ginn. Mä déi éischt modern Coursse mat Päerd goufen de 15. Mee 1651 zu Paräis a Presenz vum Louis XIV a vum zukünftegen Charles II vun England ausgedro. Am 19. Joerhonnert huet d'Zuel vun den Hippodrome staark zougeholl, fir unzefänken a Frankräich, Italien an England.
Frankräich ass dat Land, dat de Rekord vun der Zuel vun Hippodromen hält. Méi wéi 250 Hippodrome sinn do erfaasst. Dat ass d'Hallschent vun den Hippodromen a ganz Europa.
Remove ads
Déi bekanntst Hippodromen an der Welt
Belsch
- Wellingtonrenbaan, Oostende
- Hippodrom vu Waregem, Waregem
Däitschland
- Hippodrom vu Riem, München
Frankräich
England
- Hippodrom vun Ascot, Ascot
Südafrika
- Hippodrom vun Arlington, Port Elizabeth
- Hippodrom vu Greyville, Durban
- Hippodrom vu Turfontein, Johannesburg
USA
Lëtzebuerg
- Zu Dikrech si vun 1895 un bis kuerz nom Zweete Weltkrich gutt besicht Päerdscourssen am Dikrecher Hippodrom, op der Strooss fir op Miedernach, ausgedroe gi.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Racecourses – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
