Iesel

From Wikipedia, the free encyclopedia

Iesel
Remove ads

Den Iesel ass en Hausdéier, dat weltwäit verbreet ass. Hie staamt vum afrikaneschen Iesel of a gouf eréischt virun 3000 Joer domestizéiert.

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...

Dem Heng Klees no huet hen nach follgend Nimm: Esel, Laangouer. D'Ieselin resp. Eselin ass dee weiblechen Iesel. De Kéizeniesel ass en Iesel, deen zwéi Kierf dréit. Op Däitsch heescht d'Déier "Esel", op Franséisch "âne".

D'Mauldéierl (de.: Maultier; fr.: mulet) ass den Nokomme vun engem Iesel an enger Mier. De Contraire ass de Mauliesel, och Stäniesel (de.: Maulesel; fr.: bardot), den Nokomme vun engem Hengscht an enger Ieselin.

Mauldéiere kënne keng Nokomme produzéieren, well si selwer schonn Hybride sinn. Si loosse sech méi einfach zille wéi Stänieselen, si méi zéi a ginn doduerch gär als Drodéieren agesat, kënnen awer och geridde ginn.

D'Symbol vun der Stad Dikrech ass den Iesel, dofir steet den Ieselsbur an der Groussgaass.

Remove ads

Literatur

  • Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads