InterCity A

From Wikipedia, the free encyclopedia

InterCity A
Remove ads

Den InterCity A (IC A) ass e belschen Zuch deen Oostende mat Eupen verbënnt. En ass a villerlee Hisiichten d'Aushängescheld vum belschen InterCitydéngscht.

Thumb
D'1348 mat engem InterCity zu Léiwen.

Allgemenges

  • Well d'Linn 2 ënner 25.000 Volt Wiesselstroum elektrifizéiert ass, mussen d'Lokomotiven déi den Zuch zéien oder drécken, bei Leuven a bei Ans d'Spannung wiesselen.
  • Den IC A ass nieft dem InterCity O den eenzege belschen Zuch dee regulär mat 200 km/h ënnerwee ass.
  • Ier 2002 d'Linn 2 opgoung an domat den Thalys konnt fueren, sinn d'IC A net op Eupen, mä op Köln gefuer.

Partikularitéite vum Zuch

D'Zich vum IC A assuréieren déi wichteg Ost-West Verbindung. Dobäi fuere se duerch jiddwer Regioun a jiddwer Communautéit an der Belsch. A Punkto Sproochen heescht dat datt d'Personal vun der SNCB net manner wéi 4 verschidde Sproochkombinatiounen asetzen muss, fir konform mat de jeeweilege Gesetzer ze sinn.

Remove ads

Material

Wëll se op der Linn 2 tëscht Leuven an Ans mat 200 km/h fueren, bestinn all d'IC A aus enger Ramm I11er mat enger SNCB 13 un engem Enn an engem I11BDx-Steierwon um Aneren. Et ass geplangt d'Serie 13 mat neie Maschinnen aus der Serie 18 z'ersetzen. E geneeën Datum ass awer nach net bekannt.

Streckeverlaf

Den InterCity A fiert iwwer follgend Linnen:

  • Linn 50A - Linn 0 - Linn 36N - Stroumwiessel 3kV / 25kV - Linn 2- Stroumwiessel 25kV / 3kV - Linn 36 - Linn 49

Garë wou den Zuch hält

Oostende - Brugge - Gent - Bréissel-Midi - Bréissel-Central - Bréissel-Nord - Leuven - Léck-Guillemins - Verviers - Welkenraedt - Eupen

Numerotatioun vun den Zich

Ostende - Eupen: IC 503 bis 522
Eupen - Ostende: IC 527 bis 545

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads