Ivan Basso

italieenesche Vëlossportler From Wikipedia, the free encyclopedia

Ivan Basso
Remove ads

Den Ivan Basso, gebuer de 26. November 1977 zu Gallarate an der Provënz Varese, ass en italieenesche professionelle Vëlossportler.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Hien ass vu klengem u vum Vëlo begeeschtert a mécht sech eleng op de Wee op de Stelvio Pass, dee Bierg, deen no bei dem Vakanzhaus vun der Famill Basso läit.

Mat siwe Joer fiert hie seng éischt Course bis hien 1998 am hollännesche Valkenburg um Kauberg U23 Weltmeeschter gëtt. Hie wiesselt net direkt bei d'Profien, mä hie bleift bis de Mee 1999 U23, bis hien da bei "Amica Chips" als Neo-Profi an en Team kënnt. Hie weist e puer gutt Leeschtungen 1999 beim Giro, awer hie fiert en net fäerdeg.

No der Saison 2000 bei "Riso Scotto" wiesselt en an d'éischt Divisioun bei d'italieenesch Formatioun "Fassa Bortolo", wou hien am Tour Méditerranéen déi 3. Etapp gewënnt, ier hien no enger Chute muss opginn.

Remove ads

Palmarès

1998

  • Weltmeeschter op der Strooss, U 23

2002

2003

2004

2005

2006

2009

2010

Remove ads

Ekippen

De 24. Abrëll 2007 gouf hie vun der Ekipp "Discovery Channel" suspendéiert well hien an den Dopingskandal Fuentes verwéckelt soll sinn.

Um Spaweck

 Commons: Ivan Basso – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads