Jaws
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Jaws ass en US-amerikanesche Spillfilm aus dem Joer 1975 vum Steven Spielberg, deen um Bestseller-Roman mam selwechten Titel vum Peter Benchley baséiert, deen dat Joer virdrun erauskoum.
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
Nodeems an der Vakanzenuertschaft Amity eng Schwëmmerin moies an der Schummerecht vun engem Hai ëmbruecht gi war, insistéiert de Chef vun der Police, de Martin Brody, datt d'Plagë gespaart solle ginn. De Buergermeeschter an d'Geschäftsleit fäerten, datt doduerch d'Recettë vun der Vakanzesaison an d'Waasser fale géifen, a wëllen dat verhënneren. Mee scho kuerz drop muss e klenge Jong, deen op senger Loftmatrass am Waasser puddelt, dru gleewen. Hektesch gëtt eng Juegd op den Hai ausgeruff...
Remove ads
Soss
Den Titel ass de wëssenschaftleche Begrëff op englesch fir d'Maul vun Déieren (jaw heescht "Gebéck"). De Film war en aussergewéinleche Succès - en huet eng 7 Milliounen Dollar kascht, an der weltwäit 470 Milliounen abruecht. Zwee Joer laang, bis Star Wars erauskoum, war et dee Film mam gréisste kommerzielle Succès. Déi zwéi Filmer hunn dann och d'Ära vun de Blockbuster agelaut.
Den John Williams krut 1976 den Oscar fir déi bescht Filmmusek. Ausserdeem gouf et sou eng Statu fir déi bescht Tounmëschung an de beschte Schnëtt.
Wéinst sengem Succès gouf et 3 Suitten (Jaws 2 bis 4), souwéi eng Abberzuel B-Filmer, déi sech méi oder manner staark um Sujet "inspiréiert" hunn. Allgemeng koumen dono all méiglech "Déiere-Katastrophefilmer" eraus, wou vu Beien iwwer Piranhae bis zu Krokodillen, all dat Gedéiesch näischt Besseres ze dinn hat, wéi Mënschen unzegräifen.
Am Film 1941 parodéiert de Spielberg - mat där selweschter Schauspillerin - seng eegen Ufankssequenz vun Jaws.
Remove ads
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads