Jean-Auguste Marc

franséische Moler From Wikipedia, the free encyclopedia

Jean-Auguste Marc
Remove ads

De Jean-Auguste Marc, gebuer den 12. Juli[1] 1818 zu Metz, a gestuerwen den 19. Mee 1886 zu Suresnes bei Paräis, war e franséische Moler, Zeechner a Journalist.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
De Knuedler mat der Stater Märei, Uelegbild vum Jean-Auguste Marc
Remove ads

Liewen

Nodeem hien eng Zäit laang zu Metz an enger Veterinärsschoul war, koum hien op Lëtzebuerg fir Zeechnen ze léieren. Hie gouf 1839 Maître de dessin am Progymnase royal grand-ducal zu Dikrech, ass awer nëmmen e puer Méint do bliwwen, well hie méi eng héich Pai gefrot huet, déi d'Dikrecher Régence him awer net bezuele konnt.

1840 ass hien zeréck a Frankräich gaangen, wou hien zu Paräis Schüler am Atelier vum Paul Delaroche gouf.

Bei der Wochenzäitschrëft L'Illustration gouf hien artisteschen a literaresche Mataarbechter a méi spéit, vun 1860 bis zu sengem Doud, Direkter vun där Zäitschrëft[2]. Säin Nofollger als Direkter gouf säi Jong Lucien Marc, deen 1845 zu Dikrech gebuer gi war.

A senger Zäit zu Paräis huet de Jean-Auguste Marc de Jean-Pierre Pescatore kenne geléiert an huet fir hien eng Vue vun deem sengem Schlass, dem Château de La Celle-Saint-Cloud gemoolt.

1884 war de Marc Member am Jury fir d'Monument vum Wëllem um Knuedler ze realiséieren. Hien huet och d'Relieffer vum Monument gezeechent, déi duerno vum Antonin Mercié sculptéiert goufen.

Remove ads

Wierker

  • 1837: Hôtel de Ville de Luxembourg, Sammlung vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht
  • 1852: Leçon de musique, Sammlung vun der Stad Lëtzebuerg
  • Ingeborg Starck[3]
  • Le prince de Melternich-Wineburg, musée national du château de Compiègne[3]
  • Urbain Ratazzi, musée national du château de Compiègne[3]
  • Victor Emmanuel, musée national du château de Compiègne[3]
  • Miani, musée national du château de Compiègne[3]
  • Notre Dame de Paris, musée national Magnin de Dijon[4]
  • Humboldt, musée national du château de Compiègne[4]
  • Le docteur Bonnet, musée national du château de Compiègne[4]
  • Le prince Couza, musée national du château de Compiègne[4]
Remove ads

Literatur

Um Spaweck

 Commons: Jean-Auguste Marc – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. aner Quellen nennen den 1. Juli
  2. Les directeurs de L'Illustration et de France Illustration (1843-1955) op der Websäit vun der Zäitschrëft, gekuckt den 12. Februar 2017
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads