Jean-Mathias Wellenstein
lëtzebuergesche Jurist a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jean-Mathias Wellenstein, gebuer de 24. Mäerz 1795 zu Éinen[1], a gestuerwen den 1. Dezember 1870 zu Dräibuer[2], war e lëtzebuergesche Riichter, Minister a Chamberpresident.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |


1848 war hien, als Gewielte vum Kanton Réimech, Member vun der Assemblée constituante.
De Jean-Mathias Wellenstein war an der Regierung Simons vum 23. September 1853 bis den 23. September 1854 Bauteminister, Administrateur des travaux publics, a vun 1857 – 1858 war hie President vun der Assemblée des États.
Vum 29. Dezember 1860 bis den 1. Dezember 1870 war hie Member vum Staatsrot.[3]
De Jean-Mathias Wellenstein ass de jéngere Brudder vum Nicolas Wellenstein.
No him ass zu Éinen eng Strooss benannt.
Remove ads
Gielercher[4]
Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne
- Chevalier du Lion néerlandais
Referenzen
- Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
