Jean Entenich

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Jean Entenich, gebuer den 11. Februar 1884 zu Leideleng, a gestuerwen den 21. Juli 1959 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Bauer, Erfinder an Assurancenagent[2]. Hie gouf och 1937 Member an der Landwirtschaftskummer[3].

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hien huet versicht, d'Agrarproduktioun ze hiewen a besser Produktiounsmethoden anzeféieren. Seng éischt Erfindung, déi Unerkennung fonnt huet, war eng Verbesserung vum Plou. Seng Visioun, all Felder zesummenzeleeën a sou en eenzegen industrielle Bauerebetrib zu Leideleng ze schafen, ass op allgemeng Ofleenung gestouss. Seng Grondiddi war fir duerch Kollektivéierung a Mechaniséierung vun der Landwirtschaft méi eng héich Produktioun z'erreechen.

De Jean Entenich huet fir seng Erfindunge follgend Breveten:

  • Brevet N. 12504 vum 26. November 1921 fir seng Selbsttätig wirkende Vakuum-Wasser-Luft-Kraftmaschine, welche in allen stehenden Betrieben verwendet werden kann[4]
  • Brevet N. 14349 vum 11. Februar 1926 fir säi Feldwagen mit Geleiseanlagen[5]
  • Brevet N. 17015 vum 10. Oktober 1929 fir säin Landwirtschaftlicher Feld- und Transportwagen[6]
Remove ads

Quellen

Remove ads

Referenzen

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 23. Juli 1959, S.7
  2. Assurencenagenten 1922 Archivéiert den 19.09.2011. Gekuckt den 12.12.2016.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads