Plou

Geschier, dat beim Akerbau gebraucht gëtt fir de Buedem d'ënnescht-d'iewescht ze dréinen an ze vergrimmelen From Wikipedia, the free encyclopedia

Plou
Remove ads

E Plou ass e Geschier, dat beim Akerbau gebraucht gëtt fir de Buedem d'ënnescht-d'iewescht ze dréinen an ze vergrimmelen. Doduerch gëtt d'Wuerzelstruktur vun de bis ewell do gewuessene Planzen zerstéiert, an de Buedem gëtt duerchlëft a gelackert, fir datt e prett ass fir duerno drop ze séien.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem landwirtschaftleche Geschier Plou. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Plou (Homonymie).
Thumb
E Plou, vun zwee Päerd gezunn

E Plou gouf fréier vu Mënschen oder Béischte gezunn, wéi Uessen, Päerd oder Ieselen. Haut ass et meeschtens en Trakter, deen en zitt.

Remove ads

Bestanddeeler

Thumb
Deeler vum Plou: 1 Grëndel, 2 Kramp, 3 Héichtenastellung (Kéiernol), 4 Kolter, 5 Meessel, 6 Schuer, 7 Réischter

Mam Kramp gëtt de Plou un de Béischten hiert d'Zuchgeschier oder den Trakter ugekroopt. Vir sëtzt och den Zoch fir d'Ploudéift anzestellen. De Ploukapp ass duerch de Grëndel mam hënneschte Plou verbonnen, wou mat der Schuer den Haaptdeel sëtzt. D'Schuer besteet nach aus verschiddenen Deeler: e Meessel dee virschneit, d'Schuer déi noschneit, an um Wupp de Réischter deen de geschniddene Buedem op d'Säit ëmdréint.

Eng oder e "Buuschtel", (och nach Buuschel, Buschel oder Boschel) ass déi viischt Sail un engem Plou[1], déi op däitsch "Sech(holz)" oder "Kolter(holz)" genannt gëtt[2]. Si hält d'Schuer an der Riicht a spléckt den Aker propper a scho geplout an ongeplout Land.

Remove ads

Technesch Entwécklung

Allgemeng

An engem klenge Gaart kann ee sech nach mat engem Spuet ploe fir de Buedem opzelackeren, mee fir e groussen Aker brauch een e Plou, deen eng gewëssen Hiewelwierkung huet. Schonn an der Jongsteenzäit sinn déi éischt Pléi entstanen, déi deemools nach vu Mënsche gezu goufen an de Buedem éischter opgeritzt hunn.

An de 70er Jore vum 1. Jh. n. Chr. beschreift de Plinius den Eelste wéi déi rätesch Gallier e Plou mat méi breeder Schuer geholl hu fir de Buedem och ze dréinen. Richteg effektiv gouf dat Dréinen awer eréischt wéi bei d'Schuer d'Buuschtel koum a gehollef huet eng Sträif Buedem erauszeschneiden, déi da vum Réischter komplett ëmgekéipt gouf.

Aner wesentlech Verbesserunge waren d'Schuer aus Eisen, an d'Aféiere vu Rieder déi d'Leeschtung vun de Béischte méi op d'Opbrieche vum Buedem konzentréiert hu wéi op d'Zéie vum schwéiere Plou selwer.

Wat méi Päerd vir gezunn hunn, spéider a Form vu Maschinnen, wat den eeschuerege Plou besser duerch e méischueregen ersat konnt ginn, deen an engem Duerchgank haut bis zu 9 Strale plout.

Pluchet-Plou

De Pluchet-Plou war eng Weiderentwécklung vum einfache Plou duerch de Vincent Charlemagne Pluchet (1774-1837). Dat besonnescht war datt dee Plou an der Héicht an an der Breet verstallt konnt ginn. Dëse Plou gouf bis an d'50er Joren, wéi d'Trakteren opkoumen, a Frankräich, besonnesch vun de Bauere vum Plateau de Trappes gebraucht.

Hobitz / Dombasplou

Thumb
Monument vum Mathieu de Dombasle, mat sengem Plou, zu Dombasle-sur-Meurthe

Ëm 1890-1900 huet e groussen Ëmschwong an der Landwirtschaft ugefaangen. Den alen hëlzene Gedäbberplou (dt. Räder-, Karrenpflug) gouf opginn a mat engem neien Déifplou ersat, mat deem d'Ploubreet an -déift konnt agestallt ginn, ouni datt en awer e beweegleche Réischter hat. Fir säitwäerts ze plouen, huet ofwiesselend missen zesummen- an ausernegeplout ginn; dëse Mëssstand ass eréischt mam Brabang oder Brabännerplou („Brabanter Pflug“) geléist ginn.

Den Numm vum Plou, deen ëm d'Joerhonnertwend agefouert gouf, geet op e Witz zeréck. De Bauer huet säin „Radstelzplou“ mat engem Geschëtz verglach, wat en dozou bruecht huet, en „Hobitz“ (vum Tschecheschen houfnice, Schleider) ze nennen[3]. Den Numm war och an der westlecher Äifel an am Saarland geleefeg, just am südlechen Deel vu Lëtzebuerg ass de Plou no sengem loutrengeschen Erfinder Mathieu de Dombasle (1777-1843) als „Dombasplou“ bezeechent ginn[3]. Op Wallounesch gouf de Plou allgemeng arère (vum Laténgeschen: aratrum) genannt, méi spéit, wéi all aner Plou, tschèroue (vum Laténgeschen: carruca).[4]

Remove ads

Literatur

Um Spaweck

 Commons: Ploughs – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (de) „Buusch(t)el“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt den 11.08.2025.
  2. (de) „Plou“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt den 11.08.2025.
  3. (de) „Hobitz“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt den 11.08.2025.
  4. Hobitz: cf. Informatiounspanneau „Landwirtschaft und Sprache“ op Basis vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 vum Alain Atten a Claude Schmit, LUGA Nordstad, gesinn den 10. August 2025
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads