Jean Logeling
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jean Logeling, respektiv Joseph Logeling[1], gebuer de 26. September 1868 zu Wolz[2], a gestuerwen de 27. Juni 1930 an der Stad Lëtzebuerg[3], war e lëtzebuergeschen Auteur vu Schoulbicher, Moler an Zeecheprofesser an der Normalschoul.
No sengem Studium an der Normalschoul, war de Jean Logeling 10 Joer Schoulmeeschter zu Wanseler, an duerno zu Wolz. Hien huet Konschtstudien op der École des arts décoratifs zu Paräis gemaach, an ass 1896 Zeecheprofesser an der Normalschoul ginn.
Hie war den Initiator an éischte President vum Veräin Art à l'école[4], deen den 23. November 1911 gegrënnt gouf.
Remove ads
Wierk
1902 publizéiert de Jean Logeling op Demande vum Gouvernement e Leitfaden für den Zeichenunterricht in den Primär- und Oberprimärschulen des Luxemburger Landes; 1906 an 1908 kënnt eng 2. Editioun fir "Primäschulen" an "Oberprimärschulen" eraus. Dat selwecht Joer publizéiert de Logeling nach e Leitfaden für die Luxemburger Fortbildungsschule. Bis haut sinn dat di eenzeg Schoulbicher fir den Zeechenunterrecht déi vun engem Lëtzebuerger publizéiert goufen[5].
Remove ads
Literatur
- Michels, Guy, 2000.Jean Logeling (1868-1930) pionnier du dessin à l'Ecole primaire. In: La formation de l'instituteur au Luxembourg. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 2000 (pp. 76–80)
- Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur, S. 106, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2
- Johann Logeling Tageblatt 1930, Nr. 184 (30. Juni), S. 4
Remove ads
Gielercher[3]
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
Chevalier vun der Légion d'honneur
Referenzen an Notten
- Sou gëtt en als Auteur vun den 3 Bänn Leitfaden für den Zeichenunterricht" / ausgearb. von J. Logeling genannt
- Websäit vun Art à l'école Archivéiert den 30.12.2016. Gekuckt de 05.02.2017.
- Michels, Guy. Jean Logeling (1868-1930) pionnier du dessin à l'Ecole primaire. In La formation de l'instituteur au Luxembourg. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 2000 (pp.76-80)
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads