Jeff Engelen
lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jeff Engelen, gebuer de 24. Juli 1953 zu Heerlen[1] (Provënz Limburg), ass e lëtzebuergesche Handwierksmeeschter[2], Auteur a Politiker (ADR).
Formatioun a Karriär
Politesch Mandater
De Jeff Engelen ass zanter 1990 am Gemengerot vun der Gemeng Wëntger.
Hie war 1989 fir d'éischt Kandidat bei de Chamberwalen fir den deemolegen Aktiounscomité 5/6 Pensioun fir jiddwereen, krut dat éischt Chambermandat awer eréischt bei de Wale vum 14. Oktober 2018 fir d'ADR am Bezierk Norden. Bei deene vum 8. Oktober 2023[3] gouf hien erëmgewielt.
Den 19. November 2025 huet hie säi Mandat an der Chamber néiergeluecht; de Michel Lemaire ass deen Dag drop fir hien noréckelt.[4]
De Jeff Engelen ass President vun der ADR fir de Bezierk Norden[5].
Remove ads
Publikatiounen
De Jeff Engelen huet als Auteur oder Coauteur e puer Bicher iwwer d'Lokalgeschicht vun Éisleker Dierfer erausbruecht, ë. a.:
- 2000. Association sportive Wincrange 1975 : 25 Joer ASW
- 2008. Tratten, Tratterstrooss, Kréindel, Hannerhassel am Laf van der Zäit.
- 2010. Fräiwëllig Pompjeeën Gemeng Wëntger : Fändelswei 2010.
- 2015. Geméng Wëntger. Schoulfotoen van 1894-1974
- 2016. Fotografischer Streifzug durch die Gemeinde Wintger, Balade photographique à travers la commune de Wincrange.
- 2018. Heesdrëf. Seng Geschicht, seng Legt
Um Spaweck
- Nei Deputéiert: Jeff Engelen vun der ADR Reportage op rtl.lu den 19. Oktober 2018, fir d'lescht gekuckt den 20. Oktober 2018
Referenzen an Notten
- Jeff Engelen, Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chamber; fir d'lescht gekuckt den 30. Oktober 2018
- op politikercheck.lu, gekuckt den 20. Oktober 2018
- Florian Javel: "Michel Lemaire wurde als neuer ADR-Abgeordneter vereidigt." wort.lu, 20.11.2025.
- Législatives 2018, Les candidats de l'ADR op paperjam.lu, gekuckt den 20. Oktober 2018
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads