Jeff Strasser
Lëtzebuergesche Sportler an Trainer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jeff Strasser, gebuer de 5. Oktober 1974 zu Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] an zanter Enn August 2025 Trainer vun der Lëtzebuerger Hären-Foussballnationalekipp[2].
Hien war een Ofwierspiller an huet normalerweis Center-Back gespillt.
Hien huet zu Lëtzebuerg vun 1981 bis 1988 op der Union gespillt an huet du bei den FC Metz gewiesselt. Vun 1999 bis 2002 war e beim 1. FC Kaiserslautern. Duerno ass en op Mönchengladbach spille gaange wou säi Kontrakt den 12. August 2006 virzäiteg opgeléist gouf. Hien huet duerno bei den RC Strasbourg gewiesselt wou hie bis 2007 bliwwen ass, ier e bei den FC Metz gaangen ass. 2009 huet hie bei d'CS Fola Esch gewiesselt vu wou hien awer no e puer Matcher d'Chance ausgenotzt huet fir bei d'Grashopper Zürich ze wiesselen, wou hie bis zum Enn vun der Saison 2009/2010 bliwwen ass. An der Saison 2010/2011 huet de Jeff Strasser nees fir d'CS Fola Esch gespillt.[3]
De Jeff Strasser huet tëscht dem 12. Oktober 1993 an dem 12. Oktober 2010 98-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt (7 Goler)[4] an huet an der Bundesliga 194 Matcher gespillt an do 10 Goler geschoss.[5]
Nodeems de Luc Holtz säi Kontrakt als Nationaltrainer den 11. August 2025 gekënnegt huet, ass de Jeff Strasser säin Nofollger ginn.
Remove ads
Veräiner
- US Munneref
- Union Lëtzebuerg
- FC Metz
- 1. FC Kaiserslautern
- Borussia Mönchengladbach
- RC Strasbourg
- FC Metz
- Grasshopper Club Zürich
- CS Fola Esch
- Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Kuckt och
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
| Virdrun | Duerno | |
| Dan Dethier | 1999 | Kim Kirchen |
| Kim Kirchen | 2001 | David Fiegen |
Um Spaweck
- Jeff Strasser wird neuer Fußball-Nationaltrainer, wort.lu, 19.08.2025
- Presentatioun vum neien Nationaltrainer Jeff Strasser, rtl.lu, 20.08.2025
- Den neien Nationaltrainer suergt fir international Reaktiounen, rtl.lu, 20.08.2025
Referenzen
- (en) JEFF STRASSER | NOUVEL ENTRAÎNEUR NATIONAL - post - Fédération Luxembourgeoise de Football. www.flf.lupost-296485v4. Gekuckt den 22.08.2025.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
