Josy Simon

From Wikipedia, the free encyclopedia

Josy Simon
Remove ads

De Josy Simon, gebuer de 25. Mäerz 1933, ass e lëtzebuergesche Leeschtungssportler a fréieren Deputéierten (DP an zanter 1991 ADR). Hien ass besonnesch bekannt duerch seng Erfolleger als Leeschtungssportler am Goen.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Thumb
De Josy Simon op der Streck Stroossbuerg-Paräis
Thumb
De Josy Simon als Politiker

Berufflech war hien ë. a. Sécherheetschef bei der CLT-UFA. Zanter 2011 wunnt hien am Salzkammergut an ass am Veräin LG St. Wolfgang aktiv. 2017 huet hie vum Goen op d'Lafen ëmdisponéiert.[1]

Uganks vun den 2020er Joren ass hien ëmmer nach als Sportler aktiv: 2021 huet hien de Weltrekord a senger Alterskategorie (dunn 88 Joer) bei de Bieler Lauftage (Schwäiz), op enger Streck vun 100 Kilometer, a 17:34.39 Stonnen, gebrach.[1]

Remove ads

Josy Simon als Sportler

  • 1957: 1. am Grand Prix de la Marche vun der Stad Lëtzebuerg
  • 1965: Weltmeeschter am 100 km Goen
  • 1970: 2. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis, haut Colmar-Paräis
  • 1971: 1. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis
  • 1972: 1. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis,
  • 1973: 3. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis,
  • 1974: 2. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis,
  • 1975: 1. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis,
  • 1977: 2. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis,
  • 1978: 1. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis,
  • 1979: 3. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis,
  • 1980: 4. op der Course am Goen: Stroossbuerg-Paräis,
  • ...
  • 2013: 1. an der Kategorie M80 beim 100 km-Laf vum Stadtgut Steyr Ultralauf Event 2013 mat enger Beschtzäit vun 12.17'03,5"[2]
  • 2014: 1. am Ueweréisträichesche Masters an der Klass M80[3]
  • 2015: Weltrekord M80 iwwer 50 km an 5:36:41 zu Steyr
  • 2018: Weltrekord M80 53,548 km zu Steyr
  • 2018: Weltrekord M85 iwwer 6 Stonne mat 48,558 km zu Steyr
  • 2021: Weltrekord M88 iwwer 100 km bei de Bieler Lauftage an 17:34:39.
Remove ads

De Josy Simon als Politiker

  • 1979-1984: Deputéierte vun der DP.
  • 1989-1994: Deputéierte vun der DP a vum ADR.

Referenzen

  1. "Weltrekordler mit 89 Jahren." wort.lu [w+], Mee 2022.
  2. Stadtgut Steyr Ultralauf Event, Sophie Hermes, Weltbestleistung bei den M80, in: Luxemburger Wort, 19. 9. 2013, S.75
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads