Julius Scheiner

däitschen Astronom an Astrophysiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Julius Scheiner
Remove ads

De Julius Scheiner, gebuer de 25. November 1858 zu Köln, a gestuerwen den 20. Dezember 1913 zu Potsdam, war en däitschen Astronom an Astrophysiker.[1]

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

No sengem Abitur am Joer 1878 hat hien zu Bonn Mathematik an Naturwëssenschafte studéiert, 1882 hat hien iwwer Ënnersich iwwer de Liichtwiessel vum Algol no de Mannheimer Observatioune vum Professer Schönfeld an de Joren 1869 bis 1875, promovéiert. Schonn zanter 1881 war hien als Assistent um Bonner Observatoire beschäftegt, a vun 1887 un, um Astrophysikaleschen Observatoire Potsdam, wou hien 1894 zum stännege Mataarbechter an 1898 zum Haaptobservateur ernannt gouf. 1893 krut hie vun der Universitéit Berlin de Professertitel, an 1894 eng ausseruerdentlech Professur.

Dem Scheiner seng Gréisst louch um praktesche Gebitt. Hien hat déi no him genannt Scheiner-Method entwéckelt, bei där fir prezis Himmelsobservatiounen d'Rektaszensiounsachs (Polachs) vun der Montéierung vun astronomeschen Instrumenter genee parallel zu der Rotatiounsachs vun der Äerd ausgeriicht gëtt. De Scheiner gouf bekannt duerch populärwëssenschaftlech Virträg a Publikatioune wéi Der Bau des Weltalls (1913) oder Populäre Astrophysik (Leipzig a Berlin, 2. Oplo 1912) oder duerch en ettlech Artikelen an Zäitschrëften an Zeitungen.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

  • Scheiner-Method
  • Scheiner-Grad

Um Spaweck

Referenzen

  1. Nachruf von Johannes Wilsing in Vierteljahrsschrift der Astronomischen Gesellschaft 49 (1914), S. 22-36
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads