Lambda

Buschtaf From Wikipedia, the free encyclopedia

Lambda
Remove ads

De Lambda (och Lamda, Lanta oder Labda, griicheschen Neutrum; Majuskel Λ, Minuskel λ) ass den 11. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet e numeresche Wäert vun 30.

Thumb
De griichesche Buschtaf “Lamda”

De Lambda am Gebrauch

  • De Klengbuschtaf λ ass
    • an der Physik d'Formelzeeche fir d'Wellelängt, d'Zerfallskonstant, d'Wärmeleetfähegkeet oder déi mëttels fräi Weelängt
    • an der Elektrotechnik d'Bezeechnung fir d'Phaseverrécklung vu breetbandege Signaler
    • an der Drocklofttechnik de volumetresche Wierkungsgrad vu Kolwekompresseren. E gëtt berechent aus: Effektiver Liwwergréisst / Theoreetescht Usaugvolumen. De volumetresche Wierkungsgrad gëtt vereinfacht och Liwwergrad bezeechent an ass eng Mooss fir d'Qualitéit vu Kolwekompresseren. De Liwwergrad ass ofhängeg vum Drock an huet fir 8 bar bei gudde 1-stufege Kolwekompresseren ongeféier 70 % a bei 2-stufegen Anlagen zirka 80–85 %.
    • an der Motorentechnik d'Formelzeeche fir d'Verbrennungsloftverhältnes. Bei Verbrennungsmotore gëtt d'Loft-Kraaftstoff-Verhältnes (stöchiometrescht Verhältnes) Lambda=1 uginn, wann d'optimaalt Verhältnes vu 14,7 kg Loft zu 1 kg Kraaftstoff (fir Superbenzin) ginn ass. Lambda >1 bedeit Loftiwwerschoss (moert Gemësch), a Lambda<1 Loftmangel (fett Gemësch). Motore mat katalytescher Ofgasnobehandlung reegelen dat optimaalt Verhältnes mat Hëllef vun enger Lambdasond.
    • bei Motoren ausserdeem nach d'Bielleverhältnes. Dat ass de Quotient aus dem Radius vun der Kurbelwell duerch d'Längt vun der Biellestaang. Je no Uweisung an Zuel vu Zylinderen ass λ e wichtege Wäert fir d'osziléierend Kräften a Momenter.
    • d'Formelzeeche fir d'Schnelllafzuel vu Wandenergieanlagen
    • an der Mathematik d'Formelzeeche fir Eegewäerte
    • an der Metallurgie den Ofkillungsparameter bei der Wärmebehandlung
    • an der Geographie d'Formelzeeche fir d'geographesch Längt
    • an der Mikrobiologie d'Kennzeeche fir de Bakteriophage λ
    • an technesche Modellversich d'Formelzeeche fir de Moossstaf
    • an der Informatik eng Funktioun, déi Funktiounen no engem Muster mécht, kuckt Lambda-Kalkül
    • an der theoreetescher Informatik d'Ausgabfunktioun vun engem endlechen Automat
    • an der Schwulen- a Lesbebeweegung zanter den 1970er d'Symbol fir (lat. „Fräiheet“) als Gläichberechtigung an doduerch Nummdeel vu verschiddenen Organisatiounen a Eventer:
      • Lambda Legal: LGBT & HIV - US-Biergerrechtsorganisatioun
    • an der Fluiddynamik d'Formelzeeche fir d'Rouerreiwungszuel
    • an der Wärmeléier/-technik d'Formelzeeche fir de Wärmeleetkoeffizient
  • De Groussbuschtaf Λ ass
    • an der Schwéngungsléier vun der klassescher Physik eng Mooss fir d'Dämpfung - Logarithmescht Dekrement
    • an der Elementardeelchephysik d'Bezeechnung vun engem Λ-Baryon
    • Dem Albert Einstein seng Kosmologesch Konstant, mat där hirer Hëllef hien d'Ausdeenung vum Universum aus senge Formele verbanne wollt.
    • d'Wopen op de Schëlter vun de Spartanesche Hopliten (L fir Lakedaimonier)
    • e japanesche Rakéitentyp, Lambda (Rakéit)
    • e lasergestëtzte Groussformat-Ausgabapparat fir héichopléisend Beliichtung vu Biller op photosensitivem Rollematerial vun der Durst AG
    • en Auto vu Lancia
Remove ads

Kuckt och

  • V(lambda)-Kéier
  • Lambdasond
  • Lambdazismus
  • λ/4-Plättercher
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads