Lanzhou

From Wikipedia, the free encyclopedia

Lanzhou
Remove ads

Lanzhou ass eng Stad mat enger Population vu 3,2 Mio. Awunner (2004 geschat), dovun 1.2 Mio. an der Stad selwer déi an der Volleksrepublik China läit. Si ass d'Haaptstad vun der Provënz Gansu a läit um Giele Floss, dem Huang He. Si gëtt als déi am stäerksten polluéiert Stad a China betruecht. Dës Regioun gouf schonn zur Zäit vun der Han Dynasty besidelt an huet domat eng Geschicht vu 2.000 Joer. Lanzhou huet den Numm Gëlle Stad kritt, well se eng wichteg Etappenuertschaft op der fréierer Seidestrooss war. Nom Enn vun der Han Dynasty koum dës Stad ënner d'Herrschaft vu verschidde Stämm, déi se als hir Haaptstad betruecht hunn.

Thumb
Luanzhou an de Giele Floss, vum Park vun der wäisser Pagod aus gesi
Lanzhou
Thumb

Thumb

Land Volleksrepublik China
Status:Bezierkfräi Stad
Provënz:Gansu
Koordinaten:36,06° N; 103,79° O
Fläch:14.620 km²
Awunner:3.200.000 (2005)
Héicht:1.600 m

Eréischt am Joer 1656 , wärend der Qing Dynasty, krut d'Stad den Numm Lanzhou.

Remove ads

Geographesch Basisdonneeën

  • Fläch: 14.620 km²
  • Héicht: 1.600 m iwwer dem Mieresspigel
  • D'Stad läit am Zenter vun der VRC
  • D'Stad erstreckt sech op enger Längt vun 20 km laanscht de Giele Floss, den Huang He, dee vu Westen no Osten duerch d'Stad leeft.
    • Déi nobäi geleeën Qilian Bierger, de Pingliangbierg an de Kongtongbierg bilden eng wichteg Gebiergsketten an der taoïstescher Mythologie.
Thumb
Wäiss Pagod vu Lanzhou

Kuckeswäertes

  • Bingling Si, eng buddhistesch Tempelkonstruktioun an Hiele baussen der Stad. Si ass zum groussen Deel zur Zäit vun der Tang-Dynastie (618-907) gebaut;
  • de Provënzmusée Gansu, e kulturhistoresche Musée;
  • de Park vun der wäißer Pagode mat enger 7-stäckeger Pagod, déi wärend der Yuan-Dynastie (1271-1368) gebaut gouf, läit op engem Hiwwel beim Uwänner vum Giele Floss.

Kuckt och

Lëscht vun de chineesesche Groussstied

Um Spaweck

 Commons: Lanzhou – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads