Léa Linster
lëtzebuergesch Kächen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Léa Linster, gebuer de 27. Abrëll 1955 zu Déifferdeng, ass eng lëtzebuergesch pensionéiert Kächen.

D'Léa Linster huet Droit studéiert, mä nom Doud vun hirem Papp huet se deem seng Auberge zu Fréiseng iwwerholl, déi se no an no zu engem bekannte Restaurant ausgebaut huet. Den Duerchbroch hat se, wéi se 1989 de Bocuse d'Or gewonnen huet. Si huet eng Zäit laang dräi Restauranten zu Lëtzebuerg gefouert. Zanter 2001 schreift si fir déi däitsch Zäitschrëft Brigitte.
Si hat och reegelméisseg Optrëtter an Tëleesshowen, sou z. B. Leas KochLUST op der Saarlännescher Tëlee, am ZDF-Fernsehgarten, an Die Küchenschlacht (ZDF), Lanz kocht (ZDF), Kachtipp mam Léa Linster (RTL Tëlee Lëtzebuerg) oder The Taste (Sat.1).
An der Saarbrécker Editioun vun der Tëleesserie Tatort hat si 2006 an 2007 an den Episoden Aus der Traum an Der Tote vom Straßenrand als „Linde-Wirtin“ eng kleng Roll. Do dernieft ass si och als Auteur vu Kachbicher bekannt.
Am Januar a Februar 2011 war si zoustänneg fir d'Menüen, déi bei der Lufthansa an der éischter an an der Business Klass zerwéiert goufen.
D'Léa Linster huet ee Jong de Louis. Si ass d'Schwëster vum Jang an der Maryse Linster.
Remove ads
Gielercher (Auswiel)
- 1983: Grand Prix Mandarine Napoléon
- 1987: éischte Michelin-Stär
- 1987: Maître cuisinier als éischt Fra zu Lëtzebuerg
- 1989: Bocuse d'Or als bis ewell eenzeg Fra
- 1989: Trophée Europe
- 2007: Goldmedail vun der Fondation du Mérite Européen
- 2021: Eat! Berlin
- 2022:
Officier vum Ordre de la couronne de chêne [1][2]
- 2025:
Chevalier am franséischen Ordre national du Mérite[3]
Bicher
- Einfach und genial. Die Rezepte der Spitzenköchin Lea Linster, Goldmann Verlag, München 2002, 160 S., 200 s/w. Abb., ISBN 3-442-39032-X
- Best of Lea Linster, vum Lea Linster, Paul Bocuse, Susie Knoll, Guy Hoffmann, Lea Linster Verlag 2003, 180 S., ISBN 2-9599854-1-9
- Rundum genial! Neue Rezepte der Spitzenköchin Lea Linster, Goldmann Verlag, München 2005, ISBN 3-442-39084-2
- Kochbuch Lea Linster - Cuisinière, Vorwort von Lea Linster und Paul Bocuse, Ottweiler Druckerei 2006, 184 S., ISBN 3-938381-04-3
- Kochen mit Liebe: neue Rezepte der Spitzenköchin Lea Linster, Diana-Verlag, München 2007, ISBN 978-3-453-28510-1
- Einfach fantastisch. Neue Ideen, Tipps & Tricks der Spitzenköchin. Heyne Verlag, 11/2009, ISBN 978-3-453-28524-8
- Das Gelbe vom Ei. Huhnglaubliche Rezepte Mat Illustratioune vum Peter Gaymann. Ars vivendi verlag, Cadolzburg 2014, ISBN 978-3-86913-426-0
- Wein muss rein! Berauschende Rezepte. Mat Illustratioune vum Peter Gaymann. Ars vivendi verlag, Cadolzburg 2015, ISBN 978-3-86913-589-2
- Karotten lieben Butter: Eine Sterneköchin, ein Arzt und ein Wissenschaftler über traditionelles Kochwissen und gesunden Genuss. Zësumme mam Gunter Frank a Michael Wink. Albrecht Knaus Verlag, 2018, ISBN 978-3813507911
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Léa Linster – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- (de) Léa Linster verrät ihr Rezept für perfekte Kniddelen. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (22.06.2022) Archivéiert den 23.06.2022. Gekuckt den 23.06.2022.
- (fr) Ministère d'État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de 24.02.2024.
- Die besten Köche des Landes feiern Ritterinnenwürden für Léa Linster. Luxemburger Wort (02.07.2025). Gekuckt den 02.07.2025.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads