Lex Jacoby

lëtzebuergesche Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia

Lex Jacoby
Remove ads

Den Alexandre ("Lex" oder "Alex") Jacoby, gebuer den 28. Februar 1930 zu Jonglënster, a gestuerwen den 20. November 2015[1], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Säi Liewen

De Lex Jacoby war vun 1962 bis 1990 zu Klierf Schoulmeeschter. Zanter 1951 huet hien op ville Plaze literaresch matgeschafft, an Die Warte, dem d'Lëtzebuerger Land, de Cahiers luxembourgeois an den nos cahiers. Hien huet d'kulturell Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton erausginn, déi 2004 hir 25 Joer gefeiert huet. Vun 2009 un huet hien och an der Zäitschrëft Koplescht – fréier an hott matgeschafft.

Wierker

1952 koum dem Lex Jacoby säin éischt Buch eraus, Die Sehnsucht des Schamanen, eng Sammlung vu Kuerzgeschichten a Gedichter. Scho fréi fanne sech déi spéider weiderentwéckelt Theemen, d'Joreszäiten an d'Natur. No zwee Gedichtbänn op Franséisch huet den Auteur seng Sprooch a säi Genre fonnt; Reesliteratur an Tagebicher op Däitsch.

Bicher

  • Die Sehnsucht des Schamanen. Gedichter an Erzielungen, 1952.
  • Der Fremde. Erzielung, 1954.
  • Le Pavot Blanc. Gedichter, 1962.
  • Luxemburg. Texter fir a Bildband, 1963.
  • Der Grenzstein. Feuilletons, 1963.
  • Nachts gehen die Fische an Land. Erzielung, 1980.
  • Logbuch der Arche. Roman, 1988.
  • Der fromme Staub der Feldwege. Erzielung, 1990.
  • Spanien heiter bis wolkig. Dagbuch, 1994.
  • Wasserzeichen. Erzielungen, 1995.
  • Remis in der Provence. Erzielungen, 2000.
  • Wie nicht ganz schwarzer KOHLENSTEIN. Roman, 2001
  • Die Deponie. Roman, 304 S., Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2006.

Weider Publikatiounen

Remove ads

Literaturpräisser

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Lex Jacoby – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads