Liberal Democrats (Vereenegt Kinnekräich)
brittesch politesch Partei From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Liberal Democrats ass den Numm vun denger politescher Partei a Groussbritannien. Si ass 1988 aus dem Zesummeschloss vun der Liberal Party mat der Social-Democratic Party (déi sech kuerz vierdru vun der Labour Party lassgesot haten) entstanen. Si vertrëtt am Allgemenge sozial-liberal a pro-europäesch Standpunkten. Traditionell geographesch Schwéierpunkte vun der Liberaldemokratescher Partei leien a Schottland an a Südwest-England.
Bei de Parlamentswalen 2010 haten d'Liberal Democrats 57 Sëtz kritt a waren domat déi drëttgréisste Partei am House of Commons. Si war doropshinn mat der Conservative Party un enger Koalitiounsregierung bedeelegt. Bei de Walen 2015 krute si awer just nach aacht Sëtz an hire Leader, den Nick Clegg, ass zeréckgetrueden.
Remove ads
Um Spaweck
Websäit vun der Liberaldemokratescher Partei (en)
| Commons: Liberal Democrats (UK) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- libdems.org.uk: Lib Dem Members (5. Juni 2015)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
