Lithium

cheemescht Element From Wikipedia, the free encyclopedia

Lithium
Remove ads

Lithium (Symbol Li) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 3 am Periodesystem vun den Elementer.

op ee Bléck Allgemenges, Symbol ...
Thumb
Lithium ënner Paraffinueleg
Lithiumbatterie
Remove ads

Eegenschaften

  • Relativ Atommass: 6,941.
  • Elektronekconfiguratioun: [He]2s1
  • Metall Radius: 1,52 A
  • Energie déi néideg ass fir z'ioniséieren: 520,1 kJ/mol
  • Schmëlzpunkt: 180,5 °C
  • Kachpunkt: 1326 °C

D'Uerdnungszuel 3 bedeit, datt e Lithiumatom 3 Protonen an 3 Elektronen a sengem Grondzoustand huet

Roll a Verwendung

E Lithium-Ion (Li+) ass besonnesch kleng an éischter mat engem Magnesium-Ion (Mg 2+) ze vergläiche wéi mat engem Natrium-Ion (Na+). Natierlech huet dëst och Auswierkungen op d'Eegenschafte vum Element an der Chimie déi dann och méi dem Magnesium gläiche wéi dem Natrium. Déi meescht Salzer mat klengen Anione sinn aussergewéinlech stabil, an op der anerer Säit si Salzer mat groussen Anionen onstabil.

E puer Beispiller:

  • Lithiumhydrid (LiH) zersetzt sech eréischt bei 900 °C
  • Natriumhydrid (NaH) zersetzt sech well bei 350 °C
  • Lithiumnitrid (Li3N) gëtt et bei Raumtemperatur an Natriumnitrid (Na3N) net.
  • Lithiumhydroxid (LiOH) zesetzt sech a Lithiumoxid (Li2O) ënner rouder Hëtzt wärend déi aner MOH do schmëlzen.

Als Spuerenelement ass Lithium a Form vu senge Salzer eng heefeg Komponent vu Mineralwaasser.

Remove ads

Lithiumproduktioun

Haaptsächlech gëtt Li duerch Elektrolys vu Salzer gewonnen.

Um Spaweck

 Commons: Lithium – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads