Helium

cheemescht Element From Wikipedia, the free encyclopedia

Helium
Remove ads

Helium (Symbol He) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 2 am Periodesystem vun den Elementer. Den Helium zielt zu den Eedelgasen.

op ee Bléck Allgemenges, Symbol ...
Thumb
Remove ads

Eegenschaften

Helium Laser

Dem Helium seng relativ Atommass ass 4,002602. E fänkt u mat kache bei -268,9 °C a kann nëmme flësseg gemaach gi bei 26 Bar a -272,1 °C. Bei -270,82 °C entsteet eng Form déi Helium 2 genannt gëtt an déi 600-mol besser Hëtzt leet wéi Koffer a Maueren eropleeft. Ons Atmosphär enthält 0,0005 %(vol) He, am Universum ass et nom Waasserstoff dat zweetheefegst Element mat 23 % an der Mass.

Remove ads

Roll a Verwendung

Den Helium gëtt haaptsächlech als Gas benotzt fir eng kënschtlech Atmosphär ze maachen, déi net mam Rescht vun de Produkter (Gasen, Flëssegkeeten, Festkierper) reagéiere kann.

Dat läit dodrun, datt den Helium eng Orbital 1s2 huet. Déi Orbitéit ass ënner normale Bedingunge komplett a ka keng klassesch kovalent Bindung agoe wéi et bei H2O de Fall ass.

Et ass allerdéngs bekannt datt Helium ënner spezielle Konditioune ka Reaktiounen agoen. Déi éischt vun dëse Reaktiounen ass an de 1950er Jore bei der Sich no Karboanione fonnt ginn, mat engem extreem schwaache Rendement vun 0,06 % CH3He.

Fir déi Moleküll z'erkläre muss een dat klassescht Konzept vun der Koppelbindung an de Molekülle vergiessen, an et sou gesinn, datt CH3+ sou reaktiv ass, datt déi Lacune mat dem Doublet vun der 1s2 vum Helium ka reagéieren.

De Gas gëtt dacks nach anescht benotzt an zwar fir e Loftballon fortfléien ze loossen. Beim Dauchen an an der Medezin gëtt Helium heiansdo benotzt fir den N2 z'ersetzen. Des Weidere gëtt Helium gebraucht fir ofzekillen z. B. an Nuklearreakteren.

Remove ads

Heliumproduktioun

Helium kënnt duerch de radioaktive Verfall bei ons an d'Atmosphär.

Duerch Ofkillung behält een als lescht Helium a Gasform, a sou kann een duerch eng Trennung vun de Gasen an der Atmosphär déi eenzel Gaser gewannen.

Um Spaweck

 Commons: Helium – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads