Little Duke

Film vum Andy Bausch 2023 From Wikipedia, the free encyclopedia

Little Duke
Remove ads

Little Duke ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum Andy Bausch aus dem Joer 2023. Et ass e Filmdrama.[2]

op ee Bléck Film, Produktiounsland ...
Remove ads

Ëm wat geet et am Film?

Den Emile "Mill" Knepper (gespillt vum André Jung) ass pensionnéiert mee schafft nach an Deelzäit als Sécherheetsagent, fir sech esou finanziell iwwer dem Waasser ze halen. Donieft këmmert hie sech ëm säin Enkel Jules "de Klengen" (Mayson Bossi), well säi Meedchen, d'Mamm vum Bouf, drogenofhängeg ass a sech net selwer ëm hie ka këmmeren. Mat senger Duechter huet hien net vill Kontakt.

De Victor "Schumi" Schumacher (Luc Feit) lieft schonn e puer Joer laang an der Belsch. Hien erzielt de Leit, hie géif e puer Frittebude besëtzen, mee a Wierklechkeet schafft hien nëmmen an enger.

Wéi dem Mill an dem Schumi hiren Zéipapp, den O'Hara stierft, ierwe si säin iresche Pub, de "Little Duke" am Pafendall. Mee domat sinn hir finanziell Problemer net geléist. Am "Little Duke" dauchen de Paschtouer (Steve Karier) a Stammgäscht wéi d'Claire (Claire Johnston) reegelméisseg op. Si wiere sech géint Verännerungen, besonnesch géint Immobiliëpromoteuren ouni Skrupel, déi Terrainen am Pafendall opkafen an d'Wunnenge mat Bürosgebaier wëllen ersetzen.

Remove ads

Produktioun

Little Duke ass dem Andy Bausch säin éischte Spillfilm zënter Rusty Boys (2017). Genee wéi fir dee Film huet den Andy Bausch d'Dréibuch erëm zesumme mam Frank Feitler geschriwwen. Produzéiert gouf de Film vum Paul Thiltges a vum Adrien Chef, ouni finanziell Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Filmfong, deen eng Demande fir e Subside refuséiert huet.[3]

D'Dréiaarbechte waren am Mee an am Juni 2022, ënner anerem am Pafendall an am Filmland, wou de ganzen Dekor vum Pub Little Duke opgebaut gouf.[4]

Ufanks wollt den Andy Bausch, datt d'Geschicht deelweis an Irland sollt spillen, wou de Personnage vum Victor "Schumi" Schumacher an engem Pub sollt schaffen, éier en op Lëtzebuerg géif heem kommen. Déi Iddi gouf awer net ëmgesat well et ze deier gi wier, an och well de Bausch et schlussendlech méi realistesch an traureg fonnt huet, datt de Schumi et just iwwer d'Grenz an der Belsch gepackt huet.[5]

De Personnage vum sechs Joer ale Jules gouf eréischt dräi Woche virum Start vun den Dréiaarbecht besat, mam Mayson Bossi.[5]

Remove ads

Accueil

D'Avant-Première vum Film war den 19. Abrëll 2023 am Kinepolis.[6]

De Film gouf beim Lëtzebuerger Filmpräis 2023 a véier Kategorien nominéiert, dorënner an der wichtegster Kategorie "Beschte lëtzebuergesche Laangfilm (Fiktioun oder Animatioun)". D'Haaptschauspiller Luc Feit an André Jung goufen allebéid an der Kategorie "Beschte Schauspiller" nominéiert, an de Serge Tonnar krut eng Nominatioun an der Kategorie "Bescht Musek".

Am Abrëll 2024 gouf de Film op Initiativ vun der Lëtzebuerger Ambassade am Kader vum Francophone Filmfestival vu Griicheland (FFF24) zu Athen gewisen.[7]

Wat sot d'Press?

De Film gouf an de Medie mat gemëschte Gefiller opgeholl. Positiv sinn d'Kriticke vum Site chronicle.lu, deen de Little Duke mat senge gutt entwéckelte Personnagen als beschte Film vum Bausch zënter laanger Zäit bezeechent, a vum Cédric Botzung op essentiel.lu, dee schreift de Film wier "witzeg, beréierend, an déif mënschlech".[8],[9] Och op wort.lu schreift de Marc Thill:[6]

Der sozialkritische Blick von Andy Bausch, der zusammen mit Frank Feitler das Szenario geschrieben hat, fehlt ebenso wenig wie auch der Klamauk, den man seit der Troublemaker-Gauner-Trilogie von Andy Bausch bestens kennt.

De Pablo Chimienti vum Lëtzebuerger Land schreift vun engem rhythmeschen a gelongene Film, trotz e puer Zeenen, déi iwwerzunn oder net néideg wieren. Hie lueft besonnesch d'Leeschtung vun de Schauspiller.[10] Och de Christian Spielmann vun der Revue hieft ervir, datt de Film virun allem vun den Acteure gedroe géif ginn. Hie fënnt, dem Regisseur géif et an der éischter Hallschent vum Film geléngen, Gefiller ënnerzebréngen, ma schreift datt en da géif stagnéieren a sech alles widderhuelen. Zum Schluss géif alles ze séier geschéien, soudatt den Zuschauer déi tragesch Evenementer net kéint novollzéien.[11]

De Jeff Schinker vum Tageblatt bezeechent de Film als nostalgesch, sozialkritesch a perséinlech, ma stellt fest, datt de Little Duke net genuch Déifgank hätt, wat en dozou géif verleeden un den Debatte vun der Zäit laanscht ze diskutéieren.[12] Fir de Quotidien stellt de Valentin Maniglia fest, datt déi "kleng Leit" schonn ëmmer d’Häerzstéck vum Bausch senge Filmer waren, mee fënnt datt de Film op ästheteschem Plang éischter engem Fernseefilm wéi engem Kinoswierk änelt an datt d'sozialkritesch Froen, déi opgeworf ginn, nëmmen an enger dausendfach opbereeter Geschicht hir Plaz fannen. Hi schreift weider:[13]

Little Duke apparaît finalement comme un autoportrait allégorique d'Andy Bausch face au «nouveau» cinéma luxembourgeois, celui de la coproduction internationale et de la reconnaissance qui en découle. Le cinéaste à la casquette se verrait ainsi comme une sorte d'Astérix luttant envers et contre tout pour la sauvegarde d'une exception culturelle contre l'envahisseur. Son plaidoyer pour la survie du patrimoine est certes louable. Mais si l'exception luxembourgeoise, c'était justement l'ouverture au monde, et pas la complaisance de s'encroûter dans du «vieux» cinéma?

Och den Joy Hoffmann vun RTL Télé Lëtzebuerg kritiséiert, datt de Regisseur an d'Karikatur géif falen, esoubal e géif versiche sozialkritesch ze ginn. Dem Film géif et u Rhythmus an enger klorer Struktur feelen an d'Mise en scène wier inkoherent. Den Joy Hoffmann notéiert:[14]

Dobäi hat den Andy Bausch a seng Equipe an Tëschenzäit largement d'Méiglechkeet, sech e bëssen eppes vum Knowhow vun der jonker Generatioun vu Lëtzebuerger Cineasten unzëeegnen. Hie steet elo do an der Lëtzebuerger Filmzeen e bëssen verluer a verlooss wéi seng eege Film Personnagen, mat senger naiv-nostalgescher Visioun vum sougenannte klenge Mann, fir deen en eng Lanz versicht ze briechen.

Am Contacto bleift de Raúl Reis neutral a beschreift den Andy Bausch als eng "Zort Ken Loach aus dem Groussherzogtum" an de Little Duke als eng Zesummefaassung vum Bausch senger Karriär. Hie mengt, dem Bausch seng Fans géifen de Film ze schätze wëssen, wärend déi, déi de "lokale Loach" net gären hunn, et sécher géife vermeiden en am Kino ze gesinn.[15]

Remove ads

Um Spaweck

Referenzen

  1. De Film op ptd.lu
  2. De Film op filmfund.lu
  3. lequotidien: «Little Duke» : Andy Bausch paye son tournage vum Valentin Maniglia (15. Mee 2022)
  4. delano.lu: Andy Bausch: “My mission is to tell stories about Luxembourg” vum Lydia Linna (9. September 2023)
  5. chronicle.lu: Film Review: Little Duke vum JCA (10. Mee 2023)
  6. lessentiel.lu: Au Pfaffenthal, le repaire d’une bande de losers au grand cœur vum Cédric Botzung (26. Abrëll 2023)
  7. land.lu: Luxembourg, vu par ceux d’en bas vum Pablo Chimienti (28. Abrëll 2023)
  8. tageblatt.lu: Aus der Zeit gefallen: „Little Duke“ von Andy Bausch vum Jeff Schinker (26. Abrëll 2023)
  9. lequotidien.lu: Les «troubles» irlandais d’Andy Bausch vum Valentin Maniglia (26. Abrëll 2024
  10. rtl.lu: "Little Duke" vum Andy Bausch vum Joy Hoffmann (2. Mee 2023)
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads