Mercury-Little-Joe 1B

From Wikipedia, the free encyclopedia

Mercury-Little-Joe 1B
Remove ads

Little Joe 1B (LJ-1B) war en Testfluch am Kader vum Mercury-Programm.

Méi Informatiounen Little Joe 1B (LJ-1B) ...

Well mat de béide Missioune virdrun, der Little-Joe 1 an der Little-Joe 1A kee Fluchofbroch wärend der maximaler aerodynamescher Belaaschtung simuléiert konnt ginn, sollt dat mat dëser Missioun gemaach ginn. U Bord vun der Kapsel war d'Rhesusäffin (Macaca mulatta) Miss Sam. Si gouf, wéi hire Virgänger Sam vum Fluch Little-Joe 2, no der US Air Force School of Aviation Medicine genannt. Déi Kéier war de Fluchofbroch um gewënschten Zäitpunkt gelongen an d'Miss Sam war 28 Sekonnen der Schwéierlosegkeet ausgesat. D'Kapsel gouf no der Waasserlandung vun engem Helikopter aus dem Mier gefëscht a war scho 45 Minutte nom Start nees op Wallops Island.

D'Maximalvitess war 3.307 km/h, déi maximal Acceleratioun hat 4,5 g. D'Kapsel hat eng Streck vun 19 km iwwerflunn, den héchste Punkt louch bei enger Héicht vu 15 km. D'Notzlaascht war 1.007 kg schwéier.

Remove ads

Galerie

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Little Joe 1B – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads