Loubierd

From Wikipedia, the free encyclopedia

Loubierd
Remove ads

Eng Loubierd ass eng Fäsch vu Lousträifen déi mat dënnen Eechen- oder Hobichenäscht oder mat Sisalschnouer zesummegebonne gi fir se sou gutt transportéieren a lageren ze kënnen. Eng Loubierd ass entweeder een oder zwéi Meter laang, an huet en Duerchmiesser vun ongeféier 40 Zentimeter. Déi zwéi Meter laang Bierd weit ongeféier 25 Kilo[1]. Kleng Fäsche mat de Lousträife vun de Säitenäscht goufe Kaalwer genannt.

Thumb
Loubierde widder engem Kues

D'Geschier, dat fir d'Banne gebraucht gëtt, ass e Loubock.

Remove ads

Referenzen

  1. LWB, als Handelsware zu 52 Pfund, davon 2 Pfund für die Seile
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads