Louis Rech

lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Louis Rech, gebuer de 7. Dezember 1926 als Luigi Rech[1] zu Faller an der Gemeng Sovramonte (Regioun Venetien) an Italien, a gestuerwen de 6. Januar 2012[2], war e Gewerkschaftler a Politiker (LSAP).

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

Hie koum mat engem Joer mat sengen Elteren op Diddeleng, wou säi Papp op der Schmelz geschafft huet, an ass do am Quartier Italien opgewuess.[3]

1958 krut hien duerch Naturalisatioun d'Lëtzebuerger Nationalitéit.[4]

De Louis Rech war President der Diddelenger OGBL-Sektioun a Vizepresident am nationale Comité vun där Gewerkschaft. Als Member vun der LSAP war hie vun 1973 un eng 20 Joer am Diddelenger Schäfferot an do vun 1985 bis 1993 Buergermeeschter.[5]

De Rech ass dem Museker John Rech säi Grousspapp. Säi Jong Romy Rech ass och am Diddelenger Gemengerot[5].

Remove ads

Referenzen

  1. Omaggio a Luigi Rech. passaparola.info, Januar 2012; Archivéiert.
  2. "De fréieren Diddelenger Buergermeeschter Louis Rech ass dout." RTL.lu - 07.01.2012, 16:03 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.01.2012, 18:11
  3. legilux Archivéiert de 04.03.2016. Gekuckt de 07.01.2012.
  4. Louis Rech verstorben Tageblatt, 8. Januar 2012.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads