Lunar Orbiter 2

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Lunar Orbiter 2 war déi zweet vu fënnef Moundsonde vum Lunar-Orbiter-Programm vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA. Mat dem Lunar Orbiter-Programm sollt den Äerdmound fotografesch erfaasst a kartographéiert ginn, fir sou Landeplaze fir d'Moundsonde vum Surveyor-Programm souwéi fir bemannt Moundlandungen ze fannen.

Lunar Orbiter 2
TypMoundsond
LandUSA
AgenturNASA
Start6. November 1966, 23:21:00 UTC
StartplazCape Canaveral LC-13
DrorakéitAtlas-Agena D
Enn vun der Missioun11. Oktober 1967
Remove ads

Missioun

Thumb
Foto vum Mare Tranquillitatis aus 47 km Héicht.

De Lunar Orbiter 2 war de 6. November 1966 u Bord vun enger Atlas-Agena D gestart. Nom Erreeche vun der Parkbunn gouf d'Sond duerch d'Zünde vun den Dreifwierker op eng Bunn an Direktioun Mound bruecht. Deen hat si 92,5 Stonnen nom Start erreecht a war an eng staark elliptesch Bunn vun ongeféier 196-mol 1,850 km ageschwenkt. Si war 12° géint d'Ekliptik gebéit. Well déi meescht Landeplaze vun den nächste Sonden an Equatorgéigend geplangt waren, war eng staark Schréi net néideg.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Lunar Orbiter Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads