Lunar Orbiter 5

From Wikipedia, the free encyclopedia

Lunar Orbiter 5
Remove ads

De Lunar Orbiter 5 war déi lescht Moundsond vum Lunar-Orbiter-Programm vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA. Mat dem Lunar Orbiter-Programm sollt den Äerdmound fotografesch erfaasst a kartographéiert ginn, fir sou Landeplaze fir d'Raumsonde vum Surveyor-Programm souwéi och fir déi bemannt Moundlandung ze fannen.

Lunar Orbiter 5
Thumb
De Lunar Orbiter
TypMoundsond
MissiounszilVirbereedung fir bemannt Moundlandungen
LandUSA
AgenturNASA
Startmass385,6 kg
Start1. August 1967, 22:33 UTC
StartplazCape Canaveral LC-13
DrorakéitAtlas-Agena D
Enn vun der Missioun31. Januar 1968
Remove ads

Missiounsverlaf

D'Moundsond war den 1. August 1967 gestart a war de 5. August an eng polar, elliptesch Ëmlafbunn ëm den Äerdmound dirigéiert ginn. D'Bunnhéicht war tëscht 194 a 6023 km, an d'Bunnschréi 85°, d'Ëmlafdauer war 8,5 Stonnen. Vum 6. August un gouf d'Mounduewerfläch fotograféiert. Den Dag drop gouf d'Ëmlafbunn op 100 km verklengert, an den 9. August gouf d'Distanz op 1499 km geännert. D'Fotosessioun gouf den 18. August opgehalen, an d'Biller goufen uschléissend bis de 27. August op d'Äerd gefunkt. D'Missioun hat 211 Biller vu mëttlerer Opléisung a 633 Biller vun héijer Opléisung gemaach. Den 31. Januar 1968 gouf d'Sond geziilt zum Ofstuerz bruecht a war op de Koordinaten 3° S, 83° W opgeschloen.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Lunar Orbiter Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads