LuxTram
Lëtzebuerger Gesellschaft, déi d'Tramslinn an der Stad Lëtzebuerg an an de Nopeschgemengen organiséiert From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
LuxTram S.A. ass eng lëtzebuergesch Aktiegesellschaft, déi den Tramsreseau an der Stad Lëtzebuerg an an den Nopeschgemengen organiséiert.
| Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |


Remove ads
Geschicht
Den 21. Oktober 2014 gouf LuxTram als Aktiegesellschaft mat engem Kapital vu 6 Milliounen Euro gegrënnt[1]. De 15. Januar 2015 huet se de GIE Tramway Luxembourg iwwerholl[2], e Groupement d'intérêt économique deen den 20. Juni 2007 tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gi war, mat Zil fir e liichten Tram tëscht dem Kierchbierg, der Stater Gare an der zukünfteger Peripheriegare zu Zéisseng ze plangen[3].
D'Gesellschaft hat hire Sëtz am Ufank an der Arsenalstrooss, ier se op de Kierchbierg, an den neien Tramsschapp geplënnert ass.
Am Juli 2016 sinn déi éischt Schinne geluecht ginn, am Februar 2017 gouf den éischten Tram geliwwert an d'Linn ass den 10. Dezember 2017 ageweit ginn.
Remove ads
Wat ass den Zweck vun der Gesellschaft?
LuxTram këmmert sech haaptsächlech ëm d'Plangen, d'Ëmsetzen an d'Bedreiwe vun Tramslinnen um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg an hiren Nopeschgemengen. Se agéiert awer och als Bauhär fir d'Infrastrukturaarbechte vun der Linn, fir d'Zich ze bestellen, fir den Tramsschapp ze bauen an ze ënnerhalen, asw.
Wie geréiert d'Gesellschaft?
De Verwaltungsrot vun der Gesellschaft besteet aus 12 Leit, dovu sinn der 8 vum Staat a 4 vun der Stad Lëtzebuerg. De Staat stellt de President an d'Gemeng de Vizepresident.
Dat alldeeglecht Geschäft gëtt vun engem Generaldirekter geleet. Vun 2014 bis Juli 2024 war dat den André Von der Marck. Zanter Juli 2024 ass et den Helge Dorstewitz.[4]
Zukunft
Wann den zweeten Tramsschapp op der Cloche d'or bis gebaut ass, ass et virgesinn de Sëtz vun der Firma dohin ze verleeën.[5]
Biller
- Accès fir bei den Tramsschapp; am Hannergrond, d'Verwaltungsgebai vu LuxTram
- D'Schinne sinn am Gaang geluecht ze ginn
- De Modell vum geplangten Tram fir Lëtzebuerg
Um Spaweck
| Commons: LuxTram – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Melanie Ptok: "Helge Dorstewitz wird neuer Generaldirektor bei Luxtram." wort.lu, 12.03.2024.
- Chambre des députés, Un projet de loi pour financer un deuxième Tramsschapp à la Cloche d'Or. www.chd.lu (08.05.2025). Gekuckt de 16.05.2025.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
