Transport
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Transport (v. lat. transportare - eriwwerbréngen, droen) ass d'Befërderung (droen, fueren, pompelen, senden asw.) vu Persounen (Persounentransport: Taxi, Linnen- /Charterverkéier) oder Gidder (Gidderverkéier) vun enger Plaz op déi aner. Och beim Stroum, der Informatik an der Telekommunikatioun kann ee vun Transport schwätzen.
An der Reegel brauch een dofir Verkéiersmëttel (Gefierer, Leitungen asw.) an Transportmëttel (Container).
Remove ads
Transportaarten a Verkéiersmëttel
Buedemtransport
- Stroossentransport:
- net motoriséiert Verkéiersmëttel: Rollstull, Päerdskutschen, Vëlo, …
- motoriséiert Verkéiersmëttel: do gëtt tëscht dem Individualverkéier, wéi Auto a Kamion an dem Ëffentlechen Transport, wéi Bus ënnerscheet.
- Schinnentransport: Zuch, Tram, Metro …
- Mechaneschen Transport: Lift, Sessellift, …
- Transport iwwer Stroum- an Dateleitungen, Pipelinen, …
Aviatioun
D'Aviatioun ass den Transport vu Mënschen a Gidder an der Loft.
- Verkéiersmëttel: Fliger, Helikopter, Seegelfliger, Ballon ….
Navigatioun
D'Navigatioun ass de Verkéier an Transport vu Mënschen a Gidder um oder am Waasser. Déi verschidden Transportweeër sinn: Waasserstroossen, Séiën, Flëss, Mierer, Kanäl, …..
Raumfaart
Remove ads
Infrastrukturen
- Stroosseverkéier: Stroossen, Autobunnen, Vëlosweeër, Parkingen, ….
- Schinneverkéier: Schinne fir Zuch, Tram a Metro, Garen, …
- Loftverkéier: Fluchhäfen, Rakéitenofschéissrampen…
- Waassertransport: Häfen, Schleisen, …
Kuckt och
- Verkéier
- Verkéiersmëttel
- Fracht
- Persounentransport
- Giddertransport
- Transport (Biologie)
- Infrastukturen
Um Spaweck
| Commons: Transport – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads