Lydia Indjova
bulgaresch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Lydia Indjova, gebuer de 4. August 1986 zu Noworossijsk, a Russland, ass eng bulgaresch Schauspillerin.
Si ass a Bulgarien, zu Sofia, opgewuess a wunnt zanter 2021 zu Lëtzebuerg[1].
D'Lydia Indjova huet vun 2004 bis 2008 op der Nationaler Akademie fir Theater a Film zu Sofia fir Schauspillerin geléiert. An där Zäit huet si an e puer Kuerz- a Laangfilmer matgespillt. 2008 gouf si Member am Bulgareschen Arméistheater.
Si huet ë. a. a Filmer wéi Problemski Hotel, Occupied 2 a The Kidnapping matgespillt. 2022 war si an der 2. Saison vun der Televisiounsserie Capitani ze gesinn.
Remove ads
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads