Capitani

Lëtzebuergesch Televisiounsserie From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Capitani ass eng lëtzebuergesch Televisiounsserie vum Thierry Faber (Iddi), Eric Lamhène a Christophe Wagner (Co-Zeenaristen). Déi éischt Saison gouf am Summer 2018 ënner der Regie vum Christophe Wagner, dunn nach mam Aarbechtstitel De Bësch, gedréint.

op ee Bléck Serie, Produktiounsland ...

Se gouf eng éischt Kéier tëscht dem 1. Oktober an dem 17. Dezember 2019 op RTL Tele Lëtzebuerg gewisen. Zanter dem 11. Februar 2021 ass se weltwäit op Netflix ze gesinn[2]. Dofir gouf se ë. a. op Englesch, Franséisch, Spuenesch an Däitsch synchroniséiert, an an enger Dose Sproochen ënnertitelt.

Déi zweet Saison gouf tëscht dem 15. Mäerz an dem 24. Juni 2021, och ënner der Regie vum Christophe Wagner, gedréint. Si gouf vum 22. Februar 2022 bis den 29. Mäerz 2022 op RTL Tele Lëtzebuerg gewisen a war dono bis den 12. Juni 2022 op RTL Play am Replay ze gesinn[3]. Zanter dem 8. Juli 2022 ass och si op Netflix ze gesinn[4].

Am Juli 2025 huet de Lëtzebuerger Filmfong eng Ënnerstëtzung fir den Developpement vun enger drëtter Saison akkordéiert.[5]

Remove ads

Ëm wat geet et an der Serie?

1. Saison

Haaptpersonnage ass de Luc Capitani, en Inspekter vun der Police judiciaire aus dem Süde vum Land. An der éischter Saison ass hien aus private Grënn am Éislek, zu Mënscht (Manscheid), wéi e sur place ugestallt gëtt, de Muerd un engem Meedchen, dem Jenny Engel, ze léisen, dat dout am Bësch fonnt gouf. Fir d'Enquête steet him déi jonk Polizistin Elsa Ley zur Säit, déi vun do aus der Géigend kënnt. Séier ginn d'Enquêteuren an eng komplizéiert Intrig verwéckelt, wou alles nëmme Schäin ass an all Duerfbewunner méi weess, wéi wat en erziele wëll. An dann ass do nach eng al Affär vu viru 15 Joer, mat där e stënterlech konfrontéiert gëtt…

D'Geschicht spillt bannent 8 Deeg, a gëtt gréisstendeels chronologesch erzielt (bis op e puer Réckblenden an der leschter Episod).

2. Saison

De Luc Capitani gëtt no 3 Joer aus dem Prisong entlooss. Dat allerdéngs ënnert enger Konditioun: hie soll undercover den Nuetsmillieu vum Garer Quartier an der Stad infiltréieren.[6] Nom Muerd un enger Prostituéierter gëtt hie vun der Cabaretsbesëtzerin Valentina Draga engagéiert, fir no hire Meedercher ze kucken. Gläichzäiteg ermëttelt d'Elsa Ley am Drogemilieu vun der Stater Gare, wou eng nei Band aus Nigeria am Gaang ass, sech breetzemaachen. Séier mierken déi zwéin, dass et bei hire Fäll Iwwerschneidunge ginn, an dass se zesummeschaffe mussen, ouni sech oder hir Aarbecht a Gefor ze bréngen...

3. Saison

Nodeems de Filmfong d'Finanzéierung vum Entwéckle vun de grousse Linne vun enger drëtter Saison gewëllegt huet, huet de Showrunner Thierry Faber am Summer 2025 matgedeelt, dës géif nees zu 'Mënscht' spillen. De Capitani wier nees Polizist a géif zesumme mam Elsa Ley iwwer eng Rei Iwwerfäll am Norde vum Land enqêtéieren. D'Personnage wieren awer och méi al ginn zanter der éischter Saison; deementspriechend hätt och d'Relatioun tëscht dem Capitani an dem Elsa geännert...[7]

Remove ads

Episoden

1. Saison

Méi Informatiounen N°, Episod ...

2. Saison

Méi Informatiounen N°, Episod ...
Remove ads

Personnagen

1. Saison

  • Luc Capitani (Luc Schiltz): Inspekter bei der Police judiciaire. Ass zimmlech rabiat am Ëmgang mat aneren, a stécht seng ganz Energie an d'Léisung vum Muerdfall. Eng al Affär vu viru 15 Joer spillt stënterlech och nees eng Roll a sengem Liewen.
  • Elsa Ley (Sophie Mousel): Jonk an éiergäizeg Brigadière, déi aus dem Duerf ass, wou "all Mënsch all Mënsch kennt", an dofir vum Capitani mat op d'Enquête gesat gëtt. Duerch hir Erkenntnesser verdéngt si sech lues a lues dem Capitani seng Unerkennung fir hir Aarbecht. Si erwaart e Kand vum Steve Weis, engem Zaldot.
  • Joe Mores (Joe Dennewald): Och e Brigadier aus der Géigend, deen éierlech hëllefe wëll, ma séier iwwerfuerdert ass.
  • Tanja Engel (Jil Devresse): Zwillingsschwëster vun der ermuerter Jenny Engel. War nom Muerd e puer Deeg verschwonnen, a säin Erëm-Opdauche werft méi Froe wéi Äntwerten op.
  • Mick Engel (Jules Werner): Chef vun der Schräinerei 'Holzengel', Papp vun den Zwillingsschwësteren an Ex-Mann vun der Nadine Kinsch. Gëtt duerch eng Intrig neie Buergermeeschter vun der fusionéierter Gemeng Mënscht. Impulsiv a bedreelech, wann et enk gëtt. Huet en zimmlecht animéiert Intimliewen.
  • Nadine Kinsch (Claude De Demo): Mamm vun den Zwillinssëschteren, déi nieft dem Doud vun enger Duechter och nach dee vun hirem Mann verquësse muss, dee sech d'Liewe geholl huet. Ma och hiren Ex-Mann spillt weiderhin eng wichteg Roll an hirem Liewen. Si deelt mat der iwwerliewender Duechter e Geheimnis.
  • Rob Berens (Raoul Schlechter): Mann vun der Nadine Kinsch; dem Jenny an dem Tanja hire Stéifpapp. Franséischproff am Lycée, hëlt sech kuerz nom Jenny sengem Doud d'Liewen. E Bréif vun him, dee spéider fonnt gëtt, erkläert firwat.
  • Jean-Pierre Weyrich (Jean-Paul Maes), Direkter vum Lycée. Ass méi ëm de Ruff vu senger Schoul beméit, wéi ëm den Drogeproblem, deen et do gëtt. Kolleeg vum Pierre Rommes.
  • Pierre Rommes (Jemp Schuster): Buergermeeschter vu Mënscht, deen awer bei der Fusioun mat zwou Nopeschgemenge vum Mick Engel ausgebot gëtt. Geet op d'Juegd no engem Wollef, dee sech do ronderëm dreiwe soll.
  • Léa Holmes (Esther Gaspart Michels): Bescht Frëndin vun der Tanja Engel; ass vum Tanja enttäuscht, datt et de Kontakt mat him evitéiert.
  • Manon Boever (Julie Kieffer): Duechter vum Bäcker Jim Boever. Nodeems et d'Schoul ofgebrach hat, fiert et mat der Camionnette Brout a Mëtschen doruechter verkafen. Verkeeft och Drogen, déi et vun engem gewëssen 'Unicorn' geliwwert kritt, an huet eng heemlech Bezéiung mam Mick Engel.
  • Jim Boever (Roland Gelhausen): Duerfbäcker, nom Doud vu senger Fra verbattert, a mat wéineg Zougank zu senger Duechter Manon, déi fir hie schafft. Huet, ausser geleeëntleche Kaartenowenter mam Paschtouer Glodt a mam Gérard Gaspard, kaum Kontakt mat de Leit.
  • Claude Glodt (Pierre Bodry): De Paschtouer aus dem Duerf, dee seng Scheewercher gutt kennt.
  • Usch Trierweiler (Luc Feit): E geeschteg Handicapéierten aus dem Duerf, dee beim Paschtouer wunnt a sech vill dorëmmer erëmdreift.
  • Steve Weis (Konstantin Rommelfangen) Zaldot 'um Bierg' a Frënd vun der Elsa Ley, déi vun him e Puppelchen erwaart. Dreift sech dacks mam Frank Ferrone a mam Jerry Kowalska nuets an engem Chalet am Bësch erëm, wou och Meedercher aus dem Duerf hikommen.
  • Frank Ferrone (Timo Wagner): Zaldot
  • Jerry Kowalska (Max Gindorff): Zaldot
  • Majouer Majerus (Al Ginter)
  • Sergent Goedert (Michel Tereba)
  • Carla Pereira/Sofia Santos (Brigitte Urhausen): Besëtzerin vun der Auberge am Duerf. Hat viru 15 Joer eng Bezéiung mam Capitani, ass dono awer ënnergedaucht, bis de Capitani se zu Mënscht ënner anerem Numm nees erëmfonnt huet. Si komme sech nees méi no.
  • Diane Bonifas (Désirée Nosbusch): Inspektesch bei der IGP, enquêtéiert iwwer de Muerd um Vincent Da Costa, engem Drogendealer aus dem Minett, deem seng Läich kierzlech opgedaucht ass. E war mat engem Policerevolver erschoss ginn, an de Capitani hat sech an der Zäit, wou e warscheinlech ëmbruecht gouf, seng Waff klaue gelooss. Si war dem Capitani seng Patronne de Stage.
  • Mady Berens (Josiane Peiffer): Mamm vum Rob Berens.

2. Saison

  • Luc Capitani (Luc Schiltz): fréieren Inspekter bei der Police judiciaire. Nodeems e fir e Muerd verurteelt gi war, gouf en aus dem Prisong entlooss an ermëttelt elo undercover am Garer Quartier.
  • Elsa Ley (Sophie Mousel): déi fréier Brigadière schafft elo bei der Police judiciaire an enquêtéiert am Drogemilieu am Garer Quartier. Si hëlt nees Kontakt mam Capitani op, an déi zwee tauschen ënnereneen Informatiounen aus dem Milieu aus.
  • Lucky Onu (Edson Anibal): Nigerianer, deen op Lëtzebuerg kënnt fir seng Schwëster ze sichen. Fir säi Cafészëmmer kënnen ze bezuelen, gëtt e Klengdealer op der Stater Gare.
  • Gibbes Koenig (André Jung): Cabaretsbesëtzer an Zouhälter, fréiere 'Kinnek vum Nuetsliewen'.
  • Arthur Koenig (Tommy Schlesser): Dem Gibbes säi Jong, och 'Prënz' genannt, dee probéiert sech ekonomesch ze diversifiéieren, andeems en an den Drogenhadel eraklëmmt.
  • Valentina Draga (Edita Malovčić): Cabaretsbesëtzerin, alliéiert sech mam Koenig fir den nigerianeschen Drogendealer lass ze ginn.
  • Dominik Draga (Adrien Papritz): Der Valentina hire Jong, dee Méi dermat huet, sech an den Ae vu senger Mamm ze beweisen.
  • Carla Pereira (Brigitte Urhausen): Huet sech no hirer Flucht aus Mënscht zu Athus am Drogenhandel nei etabléiert.
  • Pascale Cojocaru (Larisa Faber): "Cousine Paulette"; Verbindungspersoun zum Procureur.
  • Jeanne Capitani (Marie Jung): Infirmière bei Médecins du Monde, dem Luc Capitani seng Schwëster.
  • Grace Onu (Jennifer Heylen): dem Lucky Onu seng Schwëster, schafft op der Stater Gare als Prostituéiert.
  • Bianca Petrova (Lydia Indjova): schafft als Prostituéiert am Cabaret vun der Valentina Draga an huet eng Liaisoun mam Dominik Draga.
  • Maria (Hana Sofia Lopes): Prostituéiert am Cabaret vun der Valentina Draga.
  • Toni Scholtes (Philippe Thelen): Enqêteur, dee frësch vun der Douane bei d'PJ gewiesselt ass; der Elsa Ley hire Binôme bei der Enquête iwwer den Drogenhandel.
  • Marc Diederich (Mickey Hardt): e Chef bei der Police judiciaire.
  • 'Queen' (Irene Masiku): Cheffin am Café Grand Huit a vum Verdeelerreseu vun den nigerianesche Klengdealer.
Remove ads

Soss

D'Titele vun den eenzelen Episode vun der éischter Saison sinn Zeilen aus Gedichter a Lidder vum Michel Lentz (1820-1893)[8].

Op Netflix heescht d'Serie an alle Sprooche Capitani, ausser op Portugisesch, wou se Os Segredos de Manscheid heescht, an op Ungaresch, wou den Titel mat Gyilkosság Manscheidben iwwersat ass.

An der 2. Saison ass d'Stéck Haass an den Aen vun T the Boss am Ofspan ze héieren.

Capitani gouf um Lëtzebuerger Filmpräis 2021 mam Präis fir déi bescht Produktioun fir Tëlee oder nei Medien ausgezeechent; ausserdeem kruten den Thierry Faber, Eric Lamhène a Christophe Wagner de Präis fir déi bescht kreativ Kontributioun (Kategorie Dréibuch), an d'Sophie Mousel an de Luc Schiltz dee fir déi bescht Schauspillerin an dee beschte Schauspiller.[9]

Dréiplazen

Éischt Staffel

Biller

Zweet Staffel

Biller

Budget

De Budget vun der 1. Staffel louch bei 2,6 Milliounen Euro. Dovu sinn 2,1 Millioun eng Subventioun vum Film Fund Luxembourg,[11] deen ausserdeem 2017 eng Hëllef fir d'Schreiwe vum Dréibuch vu 50.000 Euro bäigesteiert huet.[12][13]. RTL huet 300.000 Euro bäigedroen, de Rescht ass vu Samsa an Artemis (B).

Am Juni/Juli 2020 huet de Filmfong 120.000 Euro fir d'Schreiwe vun enger 2. Staffel subventionéiert.[14][15] Am November 2020 huet de Filmfong eng weider 1.300.000 Euro fir d'Dréiaarbechte bäigesteiert;[16] dee Subside gouf am Februar 2021 op 1.700.000 Euro erhéicht.[17] Am ganze soll déi zweet Staffel eng 4 Millioune kaschten, wouvun en Deel duerch eng Koproduktioun mat der Belsch ofgedeckt gëtt.[6]

Spectateuren

Enger Enquête vun TNS ILRES no hunn 147.500 Spectateuren, wat 29% vun de Residente vu 16 Joer a méi sinn, eng Rei bis all d'Episode vun der éischter Staffel live dënschdesowes op RTL Télé Lëtzebuerg gekuckt. Zousätzlech hunn 137.500 Leit op d'mannst een Episod um Internet am Replay gekuckt. Am Ganze goufe 518.000 Videoen am Replay gekuckt. Bei enger Ëmfro vun InternetPanel.lu soten 90.4 % vun de Leit, si géife sech eng zweet Staffel wënschen.[18]

Fënnef Deeg, nodeems s'op Netflix lancéiert gouf, war d'Serie a 46 Länner ënner den 10 am meeschte gekuckte Serien, an an dräi dovun (Argentinien, Griicheland an Uruguay) esouguer op Nummer 1.[19] Am Juni 2021 housch et vu Säite vum Produzent Claude Waringo, Capitani wier bis dohin op Netflix vun 18 Millioune Leit gesi ginn.[20]

Eng TNS-ILRES-Enquête zu der 2. Staffel[21] huet erginn, dass 44% vun allen Awunner am Land iwwer 16 Joer (232.000) tëscht Februar a Mee 2022 d'Fortsetzung vun der Krimiserie op der Tëlee oder an den digitale Medie vun RTL verfollegt hunn.

Tëscht Januar a Juni 2023 gouf Capitani op Netflix 7,3 Millioune Stonnem (1, Staffel), resp. ronn 5 Millioune Stonnen (2, Staffel) gekuckt. An engem Ranking huet déi 1. Staffel domat déi 2675. Plaz beluecht.[22]

Remove ads

Literatur

Um Spaweck

Referenzen

  1. "Palmarès de la 9e édition du Lëtzebuerger Filmpräis." Communiqué op gouvernement.lu, 27.11.2021.
  2.  Capitani » en tournage dans le quartier Gare." City. Magazine officiel de la ville de Luxembourg, Mai 2021, p. 74-75.
  3. Julien Carette: "Carton planétaire pour «Capitani» sur Netflix." paperjam.lu, 17-02-2021.
  4. TNS Ilres, 780 Interviews 16+, Mee 2022; cf.: "232.000 Leit hunn déi zweet Staffel vu 'Capitani' op RTL gesinn." Communiqué op rtl.lu, 31.05.2022.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads