Lynn Bei

lëtzebuergesch Foussballspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Lynn Bei, gebuer de 4. August 1988 zu Esch/Uelzecht[1],[2], ass eng lëtzebuergesch Foussballspillerin, déi als Golkipp gespillt huet. Si war eng Spillerin vum FC Mamer 32[3].

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Remove ads

Sportlech Karriär

D'Lynn huet als Kand an hirem Heemechtsveräin dem FC Monnerech ugefaange mat spillen, ier si 2000 bei d'Damme vum Progrès Nidderkuer gewiesselt ass. Vun 2002 bis 2010 huet si beim CS Uewerkuer gespillt, wou hinnen den Opstig an déi éischt Liga gelongen ass a si eng ganz Rëtsch Finallen erreecht hunn. Vun 2010 un, huet se beim FC Mamer an der éischter Ekipp gespillt, déi 2010 d'Halemeeschterschaft an 2017 d'Coupe gewonnen huet.

Vun 2008 bis 2020 war si fir d'FLF am Asaz, an huet 2014 an 2015 bei de Prequalifikatioune véiermol fir d'lëtzebuergesch Dammefoussballnationalekipp gespillt[3].

2020 huet d'Lynn Bei verletzungsbedingt net méi gespillt a sech aus dem aktive Foussball zeréckgezunn.

Remove ads

Kuckt och

Referenzen

  1. (de) Lynn Bei. sport.de. Gekuckt den 29.06.2021.
  2. (de) Lynn Bei. weltfussball.de. Gekuckt den 29.06.2021.
  3. Bei_Lynn.html. www.fussball-lux.lu. Gekuckt den 29.06.2021.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads