Mainz

Landeshaaptstad vu Rheinland-Pfalz, Däitschland From Wikipedia, the free encyclopedia

Mainz
Remove ads

Mainz ass Landeshaaptstad a mat iwwer 200.000 Awunner (2012) zugläich och gréisst Stad am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.

Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Land, Bundesland ...

Si ass de Sëtz vun de Fernseesender ZDF, Südwestrundfunk an 3sat, a versteet sech als Héichbuerg vun der rhäinescher Fuesent.

Remove ads

Geographie

D'Stad Mainz läit um Zesummefloss vu Main a Rhäin, ganz am Oste vu Rheinland-Pfalz, an onmëttelbarer Noperschaft vun den hessesche Stied Wiesbaden am Norden (op der rietser Säit vum Rhäin) a Frankfurt am Main am Nord-Osten.

Fotosalbum vun der Stad

Perséinlechkeete vu Mainz

  • Johannes Gutenberg (1397-1468), Erfinder vum Buchdrock;
  • Péiter vun Uespelt, als Äerzbëschof vu Mainz do gestuerwen a begruewen;
  • Martin Mundo (1882-1941), Volleksdichter (ë. a. d'Lidd "Heile Heile Gänsje");
  • Anna Seghers (1900-1983), Schrëftstellerin (ë. a. "Das siebte Kreuz");
  • Ernst Neger (1909-1989), markant Figur vun der Mainzer Fastnacht;
  • Herbert Bonewitz (1933-), Mainzer Fastnachtriedner a Kabarettist;
  • Carlo von Opel (1941-), Matgrënner vun der Firma Chio Chips.
  • Jockel Fuchs (1919-2002), Mainzer Buergermeeschter

Um Spaweck

 Commons: Mainz – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads