Manon Hoffmann
lëtzebuergesch Gemengepolitikerin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Manon Kolber-Hoffmann, gebuer als Manon Hoffmann de 4. Oktober 1984 zu Ettelbréck[1], ass eng lëtzebuergesch Gemengepolitikerin (LSAP). Si ass zënter Oktober 2025 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Steesel.
D'Manon Hoffmann ass zu Mamer opgewuess. Vun 2005 bis 2009 huet si op der Universitéit Lëtzebuerg e Bachelor an der Business Administration gemaach an duerno (2009-2012) e Master am International Business op der Uni zu Maastricht[2].
2013 ass si bestuet ginn an ass op Mëlleref geplënnert, wou si hirem Mann um Bauerenhaff gehollef huet. Duerch hir Verbindungen zur Landwirtschaft ass si och am Verwaltungsrot vun der Luxlait a vum Verband.
Si ass Mamm vun zwee Kanner an huet zënter 2014 bis 2025 bei der Creos geschafft.
Remove ads
Politesch Karriär
D'Manon Hoffmann ass 2018 Member an der Steeseler Lokalsektioun vun der LSAP ginn an huet 2023 fir d'éischt Kéier bei de Gemengewale kandidéiert. Si ass net an de Gemengerot gewielt ginn, ass awer am Januar 2024 nogeréckelt, nodeems d'Monique Feltgen demissionéiert hat.
Nodeem de Fernand Marchetti am Juni 2025 ugekënnegt hat vum Buergermeeschterposten zeréckzetrieden[3], ass no engem Nofollger gesicht ginn, deen – wéi et am Koalitiounsaccord virgesi war – aus der LSAP sollt kommen. De Choix ass dunn op d'Manon Hoffmann gefall, well d'Kandidate mat méi Stëmme virun hir, alleguer drop verzicht hunn.
D'Prioritéiten an hirer neier Funktioun wëll si ë. a. op de Kampf géint d'Iwwerschwemmungen am Uelzechtdall a fir genuch Infrastrukture wéi Schoulen a Sportshale setzen.
D'Manon Hoffmann ass den … vereedegt ginn.
Remove ads
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- DE VERBAND, Numéro RCS : B26985
- Profil op linkedin.com
- Marc Hoscheid: "De Fernand Marchetti wäert nach dëst Joer demissionéieren." rtl.lu, 02.06.2025.
- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Frank Weyrich, Neue Bürgermeisterin von Steinsel: „Immer nur meckern reicht nicht!“ op wort.lu an och an der Pabeierausgab vum Luxemburger Wort S. 14-15, 02.10.2025
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads