Marc Faber
lëtzebuergesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Marc Faber, gebuer den 12. Mäerz 1952 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 28. September 2013[1], war e lëtzebuergesche Schauspiller a geléierten Assistant chirurgical[2].

Seng Schauspillcarrière huet hien 1974 bei Les amicales théâtrales du Nord ugefaangen. Zu senge groussen Erfolleger zielen d'Jonggesellekëscht vum Alain Atten (zesumme mam René Pütz), Op der Kiirmes oder E Fall fir den Zankert. Mam René Pütz, deen 2002 gestuerwe war, ass hien ausserdeem als Kabarets-Duo Pützafaba (vun 1998 bis 2002) opgetrueden. An der Revue vum "Lëtzebuerger Theater" war hie vun 1976 bis 1994 mat dobäi, an och bei de Varieté-Showe vun der Nationallotterie huet hie jorelaang matgespillt. Bei den RTL-Déckkäpp war hie grad sou reegelméisseg dobäi.[2]
Fir de Jang Linster huet en a 17 Jangli-Filmer als Synchronspriecher matgewierkt.
Hie war fir d'LSAP vun 1988 bis 1992 Member am Gemengerot zu Ettelbréck.
Remove ads
Filmer
- 1989: De falschen Hond, vum Menn Bodson, Marc Olinger a Gast Rollinger
- 2006: Deepfrozen, vum Andy Bausch
- 2010: Trouble no more, vum Andy Bausch
- 2012: D'Symmetrie vum Päiperlek, vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer
CD-Album
- 1998: Püzafaba: Déck Dännen (Jang Linster Plakken)
Literatur
- Revue Nr. 40 vum 2. Oktober 2013, S. 28-30: Der Spaßmacher
Referenzen
- *De Marc Faber ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen." RTL.lu - 29.09.2013, 09:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.09.2013, 10:19.
- "Vollblut-Volksschauspieler Marc Faber verstorben." Wort.lu, Verëffentlecht den 29.09.13 10:25 | Aktualiséiert den 30.09.13 um 13:20.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
