Marcel Reckinger

lëtzebuergesche Banquier From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Mathias Marcel Reckinger, gebuer de 14. Februar 1904 zu Hollerech[1], a gestuerwen den 18. Abrëll 1967 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Banquier.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

An den 1920er Joren huet hie bei der Banque d'Alsace et de Lorraine (BAL) ugefaangen ze schaffen. An der Tëschekrichszäit war hien Tresorier vun der Alliance française. Wärend dem Zweete Weltkrich huet hie bei der Bank der Deutschen Arbeit geschafft.[3] 1945 gouf hie Generaldirekter vum Crédit industriel d'Alsace et de Lorraine (CIAL), eng Positioun, déi hie bis zu sengem Dout occupéiert huet.[4] An där Funktioun war hien am Verwaltungsrot vu villen Holdingen. Hie war en aktive Member bei den Amitiés françaises.

Hie war de Papp vum Robert Reckinger.

Remove ads

Referenzen an Notten

  1. (de) Gebuertsschäin 71. CT-03-02-0588 Naissances, 1902-1905 (Registre) S. 130. Commune de Hollerich – Archives nationales (15.02.1904). Gekuckt den 19.12.2025.
  2. Avis de décès 1 Page 7. In: Luxemburger Wort, 120. Jg., n° 109 (19.04.1967), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. « "En souvenir de Monsieur Marcel Reckinger." In: Luxemburger Wort, 120. Jg., n° 118 (28.04.1967), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. 100 ans de banque à Luxembourg. Du CIAL à la Banque de Luxembourg, Luxembourg, Banque de Luxembourg, 2020.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads