Mars Schmit
lëtzebuergesche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Mars Schmit, gebuer den 3. Dezember 1931, a gestuerwen de 14. Oktober 1990, war e lëtzebuergesche Moler.
Hien huet besonnesch Aquarellen a Fiederzeechnunge gemoolt, vun iwwerall aus dem Lëtzebuerger Land, an dat nieft sengem Beruff, am Ufank Schoulmeeschter, a spéider Sproochen- a Konschtprofesser.
Remove ads
Ausstellunge vum Mars Schmit uechtert d'Welt
Paräis, Roum, Grosseto, Salzburg, Bréissel, München, Frankfurt, Köln, Toronto, Des Moines, Minneapolis, Oxford a Middletown (Ohio), New York 927 Madison Avenue an am Rockefeller Center, Peking, Moskau (1989) an natierlech och zu Lëtzebuerg.
Hien huet 1964 als Auszeechnung ënner anerem d'Médaille d'Or vun der Academia Tiberina vu Roum kritt.
De Mars Schmit ass fréi an onerwaart am Alter vun nëmmen 59 Joer gestuerwen.
Remove ads
Publikatiounen
De Mars Schmit huet vill Albume mat sengen eegene Biller an Zeechnungen an Eegeregie éditéiert, ënner anerem:
- Si Luxembourg m'était dessiné.., Éditions Mars Schmit, 1983.
- Il était une fois - nos châteaux forts..., Éditions Mars Schmit, 1984.
- Nostalgie, Éditions Mars Schmit, 1984.
- D'Uelzecht, Éditions Mars Schmit, 1985.
- D'Sauer, Éditions Mars Schmit, 1986.
- D'Musel, Éditions Mars Schmit, 1987.
- Métamorphose-Luxembourg, 1988.
- Ma Terre au fil des millénaires, 1989.
- Charnière d'Europe, 1990. Éditions Schortgen
Remove ads
Literatur
- pl, 1990. Mars Schmit gestorben. Luxemburger Wort 1990 (15. Oktober), S. 4.
Um Spaweck
Kuckt och
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads