Mathias Koener

From Wikipedia, the free encyclopedia

Mathias Koener
Remove ads

De Mathias Koener (am Gebuertsakt steet hien als: Mathias Andreas Heinrich Köhner)[1], gebuer de 15. November 1883 zu Waasserbëlleg, a gestuerwen den 8. Mäerz[1] 1943 an der Stad, war Direkter vun Arbed-Schëffleng.

Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Als Student war hie Member vun der Amicitia Luxemburgensis, souwéi vum Akademischer Verein d'Lëtzebuerger zu Oochen[2].

Nom Streik vum 31. August 1942 gouf hie vun engem Standgeriicht, dat vum Gestapo-Chef Fritz Hartmann presidéiert war, wéinst "Gefährdung des deutschen Aufbauwerkes durch grobfahrlässige Vernachlässigung seiner Pflichten als Betriebschef" verurteelt. Hie gouf der Gestapo iwwerstallt an de 25. September 1942 op Hinzert bruecht. Et goung em do gesondheetlech sou schlecht, datt en Enn Januar 1943 an de Prisong vum Gronn zeréckbruecht gouf. En ass am Mäerz 1943 am Spidol gestuerwen.

Remove ads

Éierung

Zu Esch-Uelzecht, Käerch a Schëffleng erënnere Stroossen un de Mathias Koener.

Referenzen

  1. Massard, J. A., 2018. Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Escher Rathaus wehte. Erweiterte Online-Version einer im Tageblatt publizierten dreiteiligen Artikel-Serie (November – Dezember 2018).
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads