Schëffleng
lëtzebuergesch Gemeng an eenzeg Uertschaft an der Gemeng Schëffleng am Kanton Esch-Uelzecht From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Gemeng Schëffleng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an de Chef-lieu vun der Gemeng ass Schëffleng, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.


Remove ads
Geographie
D'Gemeng Schëffleng ass 771 ha grouss a läit am Süde vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 275 a 400 m.
Nopeschgemenge si Monnerech am Norden, Beetebuerg am Osten, Keel am Süden an Esch-Uelzecht am Westen.
Am nërdlechen Deel vun der Gemeng leeft d'Kiemelbaach an d'Uelzecht laanscht d'Uertschaft Schëffleng.
Häff a Lieu-diten an der Gemeng
- Dumongshaff
- Neimillen
Geschicht
Den 31. August 1876 gouf, duerch Gesetz vum 6. Juli 1876, d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir déi eegestänneg Gemeng Schëffleng ze schafen[1].
Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC
Den 1. Januar 2012 hat Schëffleng 8.949 Awunner, wourënner 5568 Awunner Lëtzebuerger, 1617 portugisescher, 293 italieenescher, 334 franséischer, 108 däitscher, 69 belscher an 971 anerer Nationalitéit sinn[2].
Wopen
![]() |
Beschreiwung am Originaltext: d'or à la bande de gueules, chargée de trois moufles senestres d'argent appaumées, posées dans le sens de la bande |
Politik
De Gemengerot vu Schëffleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 15 (virdrun: 13) Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Schëffleng gëtt zanter 2017 vun enger CSV-déi gréng-Koalitioun regéiert. 2011 bis 2017 war dat eng tëscht LSAP an CSV.
Buergermeeschtere vu Schëffleng
- Michel Noel 1876 - 1882
- Jean Klein 1883 - 1887
- Michel Noel 1888 - 1892
- Jean Conrad 1893 - 1911
- Jean Klein 1912 – 1915
- Gaspar Arensdorff 1916
- Jean Claus 1917 – 1925
- Jean Jaas 1926 – 1928
- Denis Netgen 1929 – 1934 (LSAP)
- Nicolas Grund 1935 – 1941
- Denis Netgen 1944 – 1963
- Hubert Olinger 1964 – 1969
- Astrid Lulling 1970 – 1985 (LSAP / CSV)
- Nicolas Frisch 1985 - 1993
- Nelly Stein 1994 – 2002 (CSV)
- Roland Schreiner 2003 - 2017 (LSAP)
- Paul Weimerskirch (CSV) 2017 - 2025
- Carlo Feiereisen (LSAP) vu Juli 2025 un[3][4]
Remove ads
Verkéiersubannung
Wichtegst Stroosseverbindung ass d'A13, déi vu Péiteng bis op Schengen féiert an duerch den nërdlechen Deel vun der Gemeng geet. Op engem kuerze Stéck am Nordweste geet d'A4 duerch d'Gemeng, déi Esch-Uelzecht mat Lëtzebuerg verbënnt. Ganz am Süde geet d'N31 iwwer e klengt Stéck vun der Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 164, 166, 168 an 169 duerch d'Gemeng.
Ëffentlechen Transport
D'Gare vu Schëffleng läit op de Linne Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen a Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg vum CFL-Zuchreseau.
Schëffleng ass iwwer d'Linn 4 vum TICE mat Esch-Uelzecht, Keel an Diddeleng verbonnen a gëtt ë. a. vun den RGTR-Linnen 612, 812, 813, 830, 840, 850, 860, 861, 870, 882, L03 an N01 ugefuer. Ausserdeem ass de Ruffbus feste Bestanddeel vum Schëfflenger ëffentlechen Transport.
Remove ads
Industriezonen
D'Industriezon Monkeler am Dräieck tëscht der A4 an der A13 läit zum Deel um Gebitt vun der Gemeng. Am bekanntsten ass do d'Zementsfabrick. Richtung Féiz erstreckt sech zanter uganks vun den 2020er Joren d'Industriezon Op Herbett.
Kultur a Kuckeswäertes
|
|
|
|
Remove ads
Reliéis Gebaier
Partnerschafte mat auslännesche Stied
- Drusenheim
Frankräich
Clibb a Veräiner
Bekannt Schëfflenger
- Franz Conrad (1913-1942), Gewiichthiewer an Olympionik,
- Adolphe Deville (1935-2022), Konschtprofesser a Kënschtler,
- Norbert Haupert (*1940), Politiker a fréiere Sportler,
- René Kremer (1925-2002), Liichtathleet an Olympionik,
- Jey Kugeler (1910-1983), Turner an Olympionik,
- Astrid Lulling (*1929), Politikerin,
- François Magnani (1928-1988), Foussballspiller an Olympionik,
- Gilles Muller (*1983), Tennisspiller,
- Lydie Schmit (1939-1988), Politikerin,
- Charles Sowa (1933-2013), Sportler,
- François Sowa (*1937), Boxer an Olympionik,
- Jean Spautz (*1930), Gewerkschaftler a Politiker,
- Camille Wagner (1925-2014), Foussballspiller an Olympionik,
- Aly Wenzel, Weltmeeschter am Wanderen[5],
- Albert Wingert (1887-1962), Resistenzler.
Mat Schëffleng verbonne Persoune
- Miralem Pjanić (*1990), Foussballspiller
Remove ads
Interkommunal Syndikater
Schëffleng ass Member a verschidden Interkommunal Syndikater:
Literatur
- Jérôme Courtoy, 2019, Schifflingen im Ausnahmezustand. Zwischen Kriegsvorbereitungen, Evakuation und Besatzung. Ein Rekonstruktionsversuch., Adm. municipale Schifflange, 64 S. ISBN 978-2-9199539-2-9
- Jérôme Courtoy, 2018, Die Eingemeindung Schifflingens an Esch/Alzette. Ein Rekonstruktionsversuch, Adm. municipale Schifflange, 32 S. ISBN 978-2-9199539-0-5
- Emil Angel, 2016, Schëffleng, Eine Stadt im Wachsen und Werden, 104 S. ISBN 978-99959-955-1-5
- Jean Hansen, 1997, Schëffléng, séng Geschicht a séng Geschichten, Association des commerçants et artisans, Quintus (Esch-Uelzecht), 251 S.
- 1996, Schifflange, sa commune et ses activités Adm. municipale Schifflange, 52 S.
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Schëffleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Websäit vun der Gemeng Schëffleng
- D'Gemeng Schëffleng op der Websäit vum Syvicol
- D'Websäit vum Eurofestival 2013
- Schëfflenger Schoulen
Referenzen
- Websäit vun der Gemeng Schëffleng, Kategorie: Demographesch Situatioun Archivéiert den 19.02.2013. Gekuckt de 25.02.2013.
- "Neues Jahr, neuer Bürgermeister." wort.lu, 31.12.2024.
- (fr) Assermentation de Carlo Feiereisen, bourgmestre, et de Nadine Kuhn-Metz, échevin, de la commune de Schifflange. maint.gouvernement.lu (24.07.2025). Gekuckt de 25.07.2025.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads