Mbabane
Haaptstad vun Eswatini From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Mbabane ass d'Haaptstad (awer net de Regierungssëtz) an déi zweetgréisst Stad vum Kinnekräich Eswatini am südlechen Afrika. Et ass och d'Haaptstad vun der Regioun Hhohho.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mbabane ass den administrativen an, nieft Manzini, de wirtschaftlechen Zentrum vum Land.
De Regierungssëtz vum Land ass an der Stad Lobamba.
Remove ads
Geographie
D'Haaptstad läit an de Mdzimba-Bierger um Mbabane-Floss a sengem Niewefloss Polinjane, am Nordweste vum Land op enger Héicht vun 1.243 Meter.
Populatioun
Mbabane huet 76.218 Awunner.
Geschicht
D'Stad ass entstanen, nodeems d'Britten am Joer 1902 den administrativen Zentrum vum deemolege Swasiland nom Zweete Burekrich vu Bremersdorp (haut Manzini) an dat haitegt Gebitt vu Mbabane verluecht hunn an et zum administrativen Zentrum vum brittesche Protektorat vu Swasiland erkläert hunn. D'Stad gouf nom Herrscher Mbabane Kunene benannt, deem säi Clan deemools an dëser Géigend gelieft huet.
Kuckeswäertes
Bekannt Leit vu Mbabane (Auswiel)
- Richard E. Grant (* 1957), brittesche Schauspiller
- Sikhanyiso Dlamini (* 1987), Prinzessin vun Eswatini
Literatur
Biller
- Eng Strooss am Stadzentrum
- Vu vun engem Hiwwel
- Satellitefoto
- Stroosseverkeeferinnen
- D'Botschaft vun Taiwan
- D'South Africa High Commission
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Mbabane – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

