Melotte 111
Stärekoup From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Melotte 111 ass en oppene Stärekoup am Stärebild Coma Berenices, dee mat bloussem A gesi ka ginn. De Stärekoup bilt mat senge 37 Eenzelstären den Haaptdel vum Stärebild Coma Berenices.

D'Ausdehnung vum Stärekoup huet ongeféier 4,5°, resp. - bei enger Distanz vun 288 Liichtjoer - ronn 20 Liichtjoer. Den hellste Stär vum Koup ass de γ Com mat enger Hellegkeet vu 4,3 mag, d'Gesamthellegkeet vum Koup huet ronn 1,8 mag.[1] De Koup huet keng Stären, déi méi schwaach si wéi 10,5 mag. Eng méiglech Erklärung dofir ass, datt déi klengst Membere vum Koup scho fortgezunn sinn.
Duerch seng Gréisst an Hellegkeet ass dëse Stärekoup zanter der Antiquitéit bekannt a gouf fir d'éischt vum Ptolemäus katalogiséiert. Wéi vill aner Stärekéip, déi eng kleng Distanz zu der Äerd hunn an dofir e grousse visuellen Duerchmiesser hunn (z. B. d'Ursa-Major-Grupp oder d'Hyaden), gouf hien awer net an déi modern Standard-Kataloge Messier, NGC an IC opgeholl. Eréischt de P.J. Melotte huet de Koup am Joer 1915 a säi Katalog mat oppene Stärekéip opgeholl. Ënner der Bezeechnung Cr 256 ass de Koup och am Katalog vum Per Collinder ze fannen.
De Stärekoup ass ee sougenannte Beweegungskoup, d. h. d'Stären hunn all Eegebeweegungen déi sech gläichen (am Duerchschnëtt -12,4 mas a Rektaszensioun a -9,4 mas an Deklinatioun). Well de Mëttelwäert vun der Eegebeweegung allerdéngs bal exakt tangential ass (mëttel Radialvitess -1,17 km/s),[1] erméiglecht dës Beweegung (am Géigesaz zum bekannte Beispill vun den Hyaden) keng einfach Bestëmmung vun der Distanz duerch d'Stärestroumparallax.
Remove ads
Kuckt och

Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads