Minden (Sauer)

From Wikipedia, the free encyclopedia

Minden (Sauer)
Remove ads

Minden, ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.

op ee Bléck Mindnen, Land ...

Et läit op der Sauer, do wou d'Prüm draleeft, praktesch vis-à-vis vum lëtzebuergesche Steenem.

Remove ads

Geschicht

Um Territoire vu Minde goufen archeologesch Saachen aus der Virgeschicht a Spuere vu Siidlungen aus der réimescher a fränkescher Zäit fonnt. Eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt gouf et als "Munda" an enger Charte aus dem 12. Joerhonnert, an där vun enger fréiere Besëtz vum Klouschter Iechternach bei enger Millen zu Munda rieds geet. 1326 gouf do eng Kierch attestéiert.

Am 15. Joerhonnert war de Johan von Vinstingen, Falkenstein a Bettingen de Besëtzer vu Minden.

Bis zu der Franséischer Revolutioun huet Minden (wéi och Menningen an Irrel) zu der Par St.-Péiter-a-Pol vun Iechternach gehéiert.

Minden (Sauer) war eng Halt vun der Nims-Sauertalbahn. Haut geet iwwer den Tracé vun der fréierer Bunn e Vëloswee.

1985 gouf eng Foussgängerbréck tëscht Minden a Steenem a Betrib geholl.

Remove ads

Bevëlkerung

Entwécklung vun der Zuel vun den Awunner (31. Dezember):

  • 1815 – 120
  • 1835 – 204
  • 1871 – 215
  • 1905 – 207
  • 1939 – 208
  • 1950 – 232
  • 1961 – 223
  • 1965 – 228
  • 1970 – 233
  • 1975 – 228
  • 1980 – 225
  • 1985 – 226
  • 1987 – 252
  • 1990 – 224
  • 1995 – 193
  • 2000 – 167
  • 2005 – 163
  • 2009 - 154

Quell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz

Kuckeswäertes

D'Kierch, déi am Ufank vum 12. Jh. am romanesche Stil gebaut, a 1717 vergréissert an ëmgebaut gouf. Si ass dem Hellege Sylvester geweit.

Um Spaweck

 Commons: Minden – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads