Messier 32
Galaxie From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Messier 32 (och als NGC 221 bezeechent) ass eng elliptesch Zwerggalaxie mat de Moossen 9,1' × 6,6' an der visueller Hellegkeet vun 8,1 mag am Stärebild Andromeda.
Den M 32 ass e Begleeder vun der Andromedagalaxie (M 31) a sou Deel vun der lokaler Grupp. De Messier M 32 ass 2,3 Millioune Liichtjoer vun eis ewech, huet en Duerchmiesser vu ronn 8000 Liichtjoer an huet eng Mass vun zirka 3 Milliarde Sonnemassen. An der Géigend vum Zentrum gi mat 5000 Sonne pro Kubikparsec Stärendichte wéi an der Zentralregioun vun der Andromeda-Galaxie erreecht. Och d'Mass vun der Zentralregioun gläicht mat 100 Millioune Sonnemassen där vum Zentralgebitt vun der Andromeda-Galaxie.
De Messier 32 gouf den 29. Oktober 1749 vum franséischen Astronom Guillaume Le Gentil entdeckt.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Messier 32 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

