Messier 49

elliptesch Galaxie am Stärebild Virgo From Wikipedia, the free encyclopedia

Messier 49
Remove ads

De Messier 49 (och als NGC 4472 bezeechent) ass eng 8,3 mag hell elliptesch Galaxie mat enger Flächenausdeenung vun 10,2' × 8,3' am Stärebild Virgo.

Méi Informatiounen Hubble-Sequenz, Visuell Magnitude ...

De Messier 49 war déi éischt Galaxie vum Virgo-Galaxiëkoup, déi fonnt gouf. Entdeckt gouf si den 19. Februar 1771 vum Charles Messier. M49 ass och den hellste Member vun dësem Galaxiëkoup. Hien ass ronn 60 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Genee wéi déi zwou Galaxië Messier 60 a Messier 87, déi och Member vun deem Koup sinn, ass M49 eng elliptesch Risegalaxie, déi een helle kompakte Kär an e wäit ausgedeenten diffusen Halo huet. An der Hubble-Sequenz gëtt déi Galaxie mat Typ E2 uginn. Si ass d'Haaptgalaxie vun der südlecher Ënnergrupp Koup B vum Virgo-Koup.

D'Galaxie besëtzt e System vu Kugelstärekéip, dat allerdéngs mat ronn 7000 Membere wäit manner grouss ass wéi de Kugelstärekoupsystem vum M87. Wéi vum Satellit XMM-Newton festgestallt gouf, sent ee vun den hellste vun dësem Kugelstärekoup staark Rëntgestralen aus. Wëssenschaftler huelen un, datt d'Quell e Schwaarzt Lach am Zentrum vum Kugelstärekoup ass.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Messier 49 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads