Messier 66

Spiralgalaxie am Stärebild Leo From Wikipedia, the free encyclopedia

Messier 66
Remove ads

De Messier 66 (och als NGC 3627 bezeechent) ass eng 8,9 mag hell Spiralgalaxie vum Hubble-Typ Sb mat enger Flächegréisst vun 8,3' × 4,2' am Stärebild Leo. Den tatsächlechen Duerchmiesser ass ronn 100 000 Liichtjoer.

Méi Informatiounen Hubble-Sequenz, Visuell Magnitude ...

Zesumme mam Messier 65 an dem NGC 3628 bilt déi Galaxie d'Leo-Triplett, de Kär vun der M66-Galaxiëgrupp, déi op ongeféier 30 Millioune Liichtjoer (10 Mpc) Distanz läit. Am M66 gouf d'Supernova SN 1989B (Typ Ia) an déi méiglech Supernova SN 1997bs observéiert, woubäi dat och en LBV-Ausbroch hët kënne gewiescht sinn.

D'Galaxie ass scho mat enger Spektiv z'erkennen. Si gouf den 1. Mäerz 1780 vum franséischen Astronom Pierre Méchain entdeckt.

Thumb
D'Leo-Triplett. D'Galaxië Messier 65 riets uewen, Messier 66 riets ënnen an den NGC 3628 lénks. Den hellste Stär op der Foto, uewen an der Mëtt, ass den HD 98388 (7,14 mag).
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Messier 66 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

Portal Astronomie

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads