Messier 86
Galaxie From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Messier 86 (och NGC 4406 bezeechent) ass eng 8,9 mag hell lënsefërmeg Galaxie mat enger Flächenausdehnung vun 10,2' × 6,8' am Stärebild Virgo.
Den M86 läit am Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup an der Noperschaft vun der Risegalaxie M87. Fréier gouf hiren Typ an der Hubble-Sequenz mat E3 (elliptesch ofgeplatt) uginn, modern Auteure ginn awer éischter de lënsefërmegen Typ S0 un. D'Galaxie fält dynamesch am Galaxiëkoup besonnesch duerch hir héich Bloverrécklung op. D'Galaxie kënnt eiser Mëllechstrooss mat iwwer 400 km/s entgéint, wouraus sech eng Pekuliarvitess vun iwwer 1700 km/s géintiwwer dem Schwéierpunkt vum Galaxiëkoup ergëtt, eng vun de gréisste Pekuliarschvitessen am Virgo-Koup iwwerhaapt.
Den M86 gehéiert zu der sougenannter Markarjan-Ketten, enger Grupp vu Galaxien an engem Gebitt vu ronn 1,5 Grad Duerchmiesser.
Remove ads
Entdeckung
D'Galaxie NGC 4406 gouf den 18. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Charles Messier entdeckt.
Um Spaweck
| Commons: Messier 86 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kuckt och
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

