Kubikmeter
Moosseenheet fir de Volumen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Kubikmeter ass d'Moosseenheet fir de Volumen am Internationalen Eenheetesystem[1].
- Eenheetenzeechen: m3
- Formelzeeche vum Volumen: V
Ee Kubikmeter oder 'Meter héich 3' (och Meterkibb genannt) entsprécht dem Volume vun engem Wierfel mat 1 Meter Kantelängt.
1 Kubikmeter sinn 1 000 Kubikdezimeter (also och 1 000 000 Kubikzentimeter) an zanter der 12. CGPM (Conférence Générale des Poids et Mesures) (1964) och genee 1 000 Liter. Ee Kubikmeter Waasser weit knapps 1 Tonn (t). Bei enger Temperatur vun 277,13 K (3,98 °C) an dem Standard-Loftdrock vun 101325 Pascal (1013,25 hPa = 101,325 kPa) sinn et 999,975 kg.
Remove ads
Falsch Bezeechnungen
Nieft der Eenheet m³ fënnt een z. B. bei Architekten d'Ofkierzungen cbm oder CBM a Gebrauch.
Ofgeleet Moosseenheete vum Kubikmeter
Wann een tëscht Kubik- a -meter en entspriechenden SI-Prefix setzt, kann een och aner Moosse fir de Volumen definéieren.
Remove ads
Referenzen
- „SI–Broschüre“: „Das Internationale Einheitensystem” (Physikalisch-Technische Bundesanstalt: PTB-Mitteilungen 117 (2007), Heft 2)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads