Michael Faraday

engleschen Naturwëssenschaftler From Wikipedia, the free encyclopedia

Michael Faraday
Remove ads

De Michael Faraday, gebuer den 22. September 1791 zu Newington a gestuerwen de 25. August 1867 zu London, war en engleschen Naturwëssenschaftler.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Säi Liewen

1813 ass de Buchbënner Michael Faraday als Assistent an d'Laboratoire vun der Royal Institution vu London agestallt ginn. 1825 gouf hien dunn als Autodidakt den Nofollger vum Humphry Dawys als Direkter vum Laboratoire, an 1827 souguer Professer fir Chimie.

Seng wëssenschaftlech Aarbechten

Vun 1818 un huet de Michael Faraday raschtfräi Stollegéierungen entwéckelt. Hien huet och fir d'éischt Chlor an duerno och aner Gasen ënner Drock verflëssegt. Wéi hien 1825 Ueleg ënnersicht huet, huet hien de Benzol entdeckt.

Dem Michael Faraday säin Haaptfuerschungsfeld war awer d'Elektrizitéit. Hie war dovun iwwerzeegt datt een dës Naturkraaft an aner Energieforme wéi Wäermt, Magnetismus a Liicht ëmwandele kéint an datt dëst och ëmgedréit méiglech wier. De Michael Faraday huet duerch praktesch Experimenter déi elektromagnéitesch Induktioun entdeckt a gouf zum Grënner vun der Elektrodynamik.

1833 huet hien dat no him genannt Elektrolys-Gesetz entdeckt an 1845 huet hien d'Dréiung vun der Polarisatiounsgläicht vum Liicht a magnéitesche Felder entdeckt. Dëse sougenannte Faraday-Effekt huet d'Entwécklung vu Mechanismen an der Héichvitessfotografie fir extreem kuerz Beliichtungszäiten erméiglecht.

Op hie geet de sougenannte Faraday-Käfeg zeréck, e Raum, deen duerch Metallgitter géint all elektresch Aflëss ofgeschiermt ass.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Michael Faraday – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads