Michel Wurth
lëtzebuergeschen Ekonomist, Jurist a Manager From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Michel Wurth, gebuer de 17. Abrëll 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist, Jurist a Manager.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
1979 koum hien als Finanzanalyst op d'ARBED.
Vun 2006 bis Abrëll 2014 war hie Member vun der Generaldirektioun vun ArcelorMittal. Hien ass President vum Verwaltungsrot vun ArcelorMittal Luxembourg a Member vum Verwaltungsrot vum ganze Grupp.[1]
De Michel Wurth ass President vun der Chambre de commerce, vun der UEL, vun der BIP Investment Partners a vu Paul Wurth. Hien ass Verwaltungsrotsmember vun der Lëtzebuerger Zentralbank, vun der BGL BNP Paribas, vun der Brasserie Nationale, vum d'Lëtzebuerger Land a vum Grupp Hôpitaux Robert-Schuman. Ausserdeem ass hien och ee vun de Vizepresidente vun der FEDIL a vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.
Säin Urgrousspapp war de Paul Wurth.
Remove ads
Gielercher
Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2019)[2]
Officier vun der Légion d'honneur (Promotioun 2023)[3]
Referenzen
- "Michel Wurth: Récktrëtt aus der ArcelorMittal-Directioun." RTL.lu - 11.12.2013, 18:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.12.2013, 18:36.
- (fr) Remise des insignes d'officier de l'Ordre national de la Légion d'Honneur à M. Michel Wurth. La France au Luxembourg. Gekuckt den 19.06.2023.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads