Mohamed ElBaradei
egyptesche Jurist an Diplomat From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Mohamed ElBaradei (arabesch: محمد البرادعي Muhammad al-Barādaʿī; * 17. Juni 1942 zu Kairo an Egypten) ass en egyptesche Jurist an Diplomat. Zanter dem 1. Dezember 1997 ass hie Generaldirekter vun der Internationaler Atomenergie Agence (IAEA).
Den ElBaradei gouf 2005 zesumme mat der IAEA fir d'Aarbecht an d'Engagement ëm de friddleche Gebrauch vun der Nuklearenergie mam Friddensnobelpräis honoréiert.
Remove ads
Biographie
De Mohamed ElBaradei ass de Jong vum egypteschen Affekot Mustafa ElBaradei, dem fréiere President vun der Egyptian Bar Association. Bis 1962 huet hien zu Kairo Droit studéiert. 1964 koum hie bei d'Vereenten Natiounen an huet do als Diplomat a Vertrieder vun Egypten geschafft. Nodeem hien 1974 un der New York University School of Law promovéiert hat, huet hien eng Plaz am egypteschen Ausseministère kritt.
1980 kritt den ElBaradei d'Charge iwwer den droit international bei der UNITAR (Institut des Nations unies pour la formation et la recherche). Zanter 1984 schafft hie fir d'IAEA: Bis 1993 als Sekreteriatsmember, bis 1997 als Assistent fir Externes vum Generaldirekter Hans Blix an zanter 1997 ass hie selwer Direkter vun der IAEA. 2001 an 2005 krut hie säi Mandat an dëser Funktioun ëm jeeweils 4 Joer verlängert.
De Mohamed ElBaradei ass Member vun zwou internationale Droits-Associatioune, der International Law Association an der American Society of International Law.
Hien ass bestuet an huet zwee Kanner.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
- Biographie vum ElBaradei op der Websäit vun der IAEA (engl.)
- Dr Mohamed ElBaradei: Alastair Buchan Lecture (International Institute for Strategic Studies, 06.12.2005 - PDF)
| Commons: Mohamed ElBaradei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
